
An engem Bréif un d’Volkswagen-Aktionäre schreift de VW-Chef Oliver Blume: “Insgesamt solle bis 2030 ronn 50.000 Plazen am komplette Volkswagen-Konzern an Däitschland ofgebaut ginn.”
D’Entreprise zitt domadder Konsequenzen aus dem massive Gewënn-Abroch vun zejoert. De Benefice war (no Steieren) vun 12,4 op 6,9 Milliarden Euro zeréckgaangen, hat VW en Dënschdeg an engem Rapport matgedeelt, a läit domadder op sengem déifste Stand zanter der Dieselskandal-Kris aus dem Joer 2016. Probleemer bei der Duechtermark Porsche, Feelaschätzunge bei der Vitess vum Ëmstig op Elektromobilitéit, mee virun allem déi vum US-President Donald Trump decidéiert Stroftaxe goufe vu VW als Haaptgrënn fir dës schwaach Zuele genannt.
2024 réischt hat Volkswagen mat de Gewerkschaften en Accord getraff, deen en Ofbau vu ronn 35.000 Plaze bis 2030 virgesinn huet.