Automag - Am InterviewPierre Leclerq, Designer vun der neier 2CV vu Citroën

Christian Schmit
Wéi no ass de Concept Car, deen zu Paräis ausgestallt gouf, un der Serie drun? Wéini kënnt d'2CV op de Marché? Mir hunn d'Äntwerten.
De Pierre Leclerq ass den houfregen Designer vun der neier 2CV.
© Christian Schmit

Um Mondial de l’Auto zu Paräis ass sécher keen Auto méi geknipst ginn wéi d'2CV bei Citroën. Dobäi steet emol nach iwwerhaapt net fest, wéini déi dann elo wierklech hir Renaissance feiert. Een deen et vläicht gewuer ginn ass, dat ass de Christian Schmit, well deen hat Geleeënheet sech zu Paräis mam Designer ze ënnerhalen.

An dat ass de Pierre Leclerq, Chefdesigner fir d'Mark Citroën, deem seng Wéi ganz no bei eis zu Baaschtnech stoung.

"Exactement. Je suis un voisin et on a toujours une relation avec nos amis luxembourgeois."

1948 koum d'2CV am Frankräich op de Marché an huet dozou bäigedroen, den Automobil fir jiddereen accessibel ze maachen. Elo dann di nei Deuche, an de Pierre Leclerq ass selwer iwwerrascht wéi een Hype säi Concept Car ausgeléist huet.

"Oui c’est vrai c’est un succès incroyable, il faut savoir que la 2 CV est la voiture la plus collectionnée au monde. Donc il y a tellement d’attente à cette voiture qu’il nous paraît logique à un certain moment de la ramener, incroyable qu’on l’a caché. Donc on a touché le cœur de tous les passionnés et puis on a l’espoir de chercher aussi les jeunes également."

© Christian Schmit

Eng Erausfuerderung fir eng 2CV, eng Ikon, nees am 21. Joerhonnert opliewen ze loossen?

"Nous ce qui était important de garder la philosophie. Vous avez parlé de 1948, mais il ne faut pas oublier les premiers prototypes qui ont était faites fin des années 1930. Des TPP; toute petite voiture. Et pour nous ces prototypes étaient une inspiration de faire une voiture avec une conception intelligente, des choses très simples. Il faut y arriver à un prix très abordable. 15.000 Euro pour la mettre sur la route.

Et puis une fois qu’on garde cette philosophie, évidemment on a des clins d’œil qu’on va ramener plus ou moins grand, comme la silhouette très reconnaissable de la 2CV. On a fait une voiture moderne, mais il faut ce petit clin d’œil au passé pour que les gens se retrouvent en fait."

© Christian Schmit

Dee Konzeptauto, deen elo um Mondial de l’Auto stoung, ass scho ganz no un der Serie drun.

"C’était toujours pensé à une voiture de production. A un certain moment on a poussé sur le bouton pour faire une maquette, mais c’est une voiture de production. Dans 3-4 mois le design est complètement gêlé, et donc on est à 85 % voire 90% conforme à cette voiture qu’on va voir sur la route."

Déi Fro déi sech jiddereen elo stellt, an déi den Designer zu Paräis um Mondial de l’Auto x mol gestallt krut: c’est pour quand?

"Alors on a dit dans deux ans. Ça va aller vite. Ce n’est jamais assez vite, deux ans c‘est rapide."

Mir mussen eis deemno nach gedëllegen, mee 2028, dat wär dann och genee 80 Joer nom Lancement vun der éischter 2CV. Kloer ass och, dass d'2CV reng elektresch kënnt an esou nei Marchéen a Fro kommen.

"An zwee Joer soll se op de Marché kommen"

An dee Revival wäert och 10 cm méi kuerz ausfalen wéi den Original, dee bis 1990 gebaut gouf, awer a punkto Sécherheet natierlech d'Standarde vun haut erfëllt.

Dir wëllt di 2CV elo scho live gesinn. Dann hutt dir de Weekend vum 24.-25. Oktober Geleeënheet zu Baaschtnech, wann den Designer Pierre Leclerq si fir en Event a seng Heemechtsstad bréngt.

© Christian Schmit

Back to Top
CIM LOGO