
Well déi nei Vignette och vill Leit zu Lëtzebuerg géif betreffen, hat Lëtzebuerg eng Ausnamereegelung fir d'Grenzgebitt gefrot. Déi krut elo allerdéngs eng Ofso. De François Desquesnes, Vizepresident vun der wallounescher Regierung, huet eng regional Ausnamereegelung als "ondenkbar" beschriwwen. Bei der Vignette misst de
Grondsaz vun der "Gläichbehandlung" gëllen.
Och d'Leit zu Lëtzebuerg mussen also vum 1. Mee 2027 un d'Vignette bezuelen, där hire Präis jee no Autosmodell an Openthaltsdauer variéiert. E-Autoe bezuelen am mannsten, wärend al Verbrenner am déifsten an d'Täsch gräife mussen. Nieft enger Dagevsignette oder enger vun 10 Deeg, wann een zum Beispill an d'Vakanz fiert, kann een och eng Joresvignette kafen.
Mir wëllen dowéinst vun Iech wëssen: Wat ännert sech fir Iech, wann d'Vignette bis do ass?
Wann Dir op dëser Plaz kee Formulaire gesitt, läit dat warscheinlech dorun, datt Dir d'Cookies net acceptéiert hutt.