Méintelaange Schëffbroch hanneru sechMupp soll net nees Reesstress hunn a wiesselt de Besëtzer

RTL Lëtzebuerg
D'Bella war méintelaang mat hirem Besëtzer op engem Katamaran gefaangen, ier si gerett goufen. Hire Besëtzer geet zeréck an Australien, d'Bella net.
© AFP

Et war eng Happyend-Geschicht, déi ronderëm d’Welt gaangen ass.

Am Abrëll hat sech den Australier Tim Shaddock a Begleedung vu sengem Mupp Bella vun der mexikanescher Küstestad La Paz aus op eng 6.000 Kilometer laang Rees gemaach a Richtung franséisch Polynesie. Ma no kuerzer Zäit gouf hire Katamaran an engem Stuerm beschiedegt a si si méintelaang um Mier gedriwwen. E Schëff, spezialiséiert op Thon-Fëscherei, huet déi 2 opgegraff, iwwer 2.000 Kilometer virun der Küst ewech. Si hu just duerch réie Fësch a Reewaasser iwwerlieft.

En Dënschdeg eréischt sinn de Shaddock an d’Bella u Land gaangen an haten endlech nees feste Buedem ënnert de Féiss. Fir den Australier ass och kloer: hie wëll zeréck a seng Heemecht, huet awer ee Problem dobäi. D’Bella misst nees mat an dee Reesstress wëll hien dem Mupp no all deene Strapazen net méi undoen. Dofir wiesselt d’Bella lo de Besëtzer.

Ee vun de Retter soll dat ginn. De Genaro Rosales gehéiert zur Besatzung vum Schëff, dat déi 2 gerett hat. Hie war och ee vun den Éischten, dee Kontakt mam Shaddock a mam Bella hat. Dass hien e gudden Drot zum Bella huet, dovun ass den Tim Shaddock iwwerzeegt. Ganz eleng ass d’Bella bei sengem neie Besëtzer och net. Am neien Doheem waarde schonn e klengen Hond, Kazen a Perruchen.

Back to Top
CIM LOGO