
Den australesche Sender 9 News huet elo d’Story vum Tim Shaddock, engem australesche Seegler, publizéiert, deen dräi Méint no engem “Schëffbroch” lieweg am pazifeschen Ozean fonnt gouf. Wéi de Shaddock selwer seet, wier säin Zoustand “stabil an immens gutt” an och säin Hond Bella hätt iwwerlieft.
Am Abrëll war den 51 Joer alen Australier mat engem Katamaran vu Mexiko a Richtung Franséisch-Polynesien, engem Inselgrupp matten am Pazifik, opgebrach. Ma schonn no e puer Wochen wier d’Schëff bei engem Stuerm esou staark beschiedegt ginn, datt déi komplett Funk- a Bordelektronik ausgefall ass an de Katamaran net méi ze steiere war.
Duerch d’Drénke vu Reewaasser an d’Iesse vu réie Fësch, déi den Tim Shaddock mat senger Angel gefaangen huet, konnten de Seegler an de Mupp Bella iwwerliewen. D’Deeg hunn déi zwee domat verbruecht, op Rettung ze hoffen. Eng dräi Méint méi spéit goufen déi zwee leschten Donneschdeg vun engem Helikopter entdeckt.
Den Australier, deen ofgemoert ausgesäit an e laange Baart krut, wier awer gesond a bei klorem Verstand. “Ech hunn eng immens schwiereg Zäit um Mier iwwerstanen. Ech brauch elo virun allem Rou a gutt Iessen, well ech esou laang eleng um Mier ënnerwee war”, esou den Tim Shaddock, deen endlech ënnerwee zréck a Mexiko ass.