
D’ASBL Sauvons Bambi, d’Jeeërfederatioun, d’Landwirtschaftskummer, de Syvicol an d’Federatioun vun de Juegdsyndikater waren an de Landwirtschaftsministère convoquéiert, fir no Léisungen géint dat onnéidegt Iwwerfueren an deemno Blesséieren oder Doutmaache vu meeschtens jonken Déieren op de Felder ze sichen. An der Responsabilitéit a present war och den Ëmweltminister.
10 Gemenge virun allem aus dem Südweste vum Land sinn den Ament a Partenariat mat Sauvons Bambi, enger ASBL déi mat Dronen iwwer Feld a Flora flitt, fir Tracë vu virun allem klenge Réi ze sichen an déi dann aus der Gefor ze bréngen, éier de Bauer mam Méidrescher driwwer fiert. Honnerten Déiere ginn all Joer gerett – viru kuerzem hunn awer Biller vu Réi, deenen d’Been ewech geschloe goufe gewisen, ass d’Kommunikatioun bäi wäitem net ëmmer klappt.
Dronen am Asaz fir den Déiereschutz: Evitéieren, datt kleng Réi an aner Déieren ënner de Méidrescher geroden En nationale Plang soll elo Bauer an Déier hëllefen, esou onnéideg an elle Situatiounen ze verhënneren. Haut hätt ee sech iwwer éischt gemeinsam Léisungsusätz ausgetosch, heescht et vum Agrarministère – geméit gëtt awer bis an den Hierscht.
Detailer iwwer eventuell séier Léisungsvirschléi oder kuerzfristeg flächendeckend Initiative goufen et um Méindeg keng.