Den Alter, bis deen ee Schoulflichteg ass, gëtt vum nächste Schouljoer op 18 eropgesat. Ma net jidderee muss esoulaang d'Schoulbänk drécken.

De Grand-Duché huet de schoulflichtegen Alter vu 16 op 18 eropgesat. Dëst bedeit, datt vum Schouljoer 2026/2027 u Schüler an der Schoul musse bleiwen, bis si 18 Joer hunn. Dëst ass am modifizéierte Gesetz vum 20. Juli 2023, Artikel 4, Paragraph 2, festgehalen. Am Artikel 18 vun deem Gesetz ass preziséiert, datt dëst vun der Schoulrentrée 2026 un a Kraaft trëtt.

Eng Lieserin vun RTL Toady huet sech doropshi gemellt an nogefrot, wéi et dann elo fir Kanner wier, déi hire Schoulofschloss maachen, éier si 18 Joer al ginn, zum Beispill scho mat 17. Dëst wier jo kloer virum schoulflichtegen Alter vun 18 Joer, dee vum Gesetz hir virgesinn ass. Am Lëtzebuerger System sinn déi meescht Schüler, wa si dann all hir Jore gepackt hunn, 19 Joer al, wa si d'Schoul verloossen. Verschiddener packen hir Première mat 18, wa si dann net verspillt hunn.

Ma och hei ginn et Ausnamen: Verschidde Schüler kënnen ee Joer iwwersprangen a mat den "International Schools", déi ëmmer méi opkommen, kommen och nei Schoulsystemer op, bei deenen et méi dacks virkënnt, datt Schüler méi fréi hiren Ofschloss maachen.

Dëst wërft da verschidde Froen op: Musse Kanner supplementär Coursë maachen, bis si 18 Joer al sinn? Oder kënnt d'Schoulflicht op en Enn, wann een en Ofschlossdiplom aus dem Secondaire kann noweisen?

Fir heirop eng kloer Äntwert kënnen ze ginn, hu mer dat beim Educatiounsministère nogefrot. A si hunn u sech eis initial Iwwerleeung zu dësem Thema confirméiert.

"Jo, d'Schoulflicht kann effektiv op en Enn kommen, éier e Schüler 18 Joer al ass. Dat trëfft op déi Schüler zou, déi en Ofschlossdiplom aus dem Secondaire kënne virweisen oder eng berufflech Formatioun ofgeschloss hunn, déi vum Lëtzebuerger Staat ausgestallt gouf oder en aneren Diplom hunn, dat duerch e Gesetz oder vum Ministère als gläichwäerteg unerkannt ass."

Also esouguer, wann ee mat 17 Joer am Ausland en Diplom mécht, deen zu Lëtzebuerg unerkannt ass, wäert een hei am Land net forcéiert ginn, fir zeréck an d'Schoul ze goen.

Interessant ass awer och, datt de Ministère eng Ausnam erwäänt, déi mir selwer virdru guer net consideréiert hunn: Wann ee schafft, obwuel een nach keng 18 Joer huet. Am ale Gesetz konnt een d'Schoul jo scho verloossen, wann ee 16 Joer al war. An deem Fall konnte Jonker d'Decisioun huelen, datt si schaffe ginn, amplaz d'Schoulbänk ze drécken. Ma wéi gesäit dat elo ënnert dem modifizéierte Gesetz aus? Mussen déi ënner 18 elo zeréck an d'Schoul? Oder gëtt et eng Exceptioun fir Schüler oder Schülerinnen, déi 16 Joer hunn a léiwer wëlle schaffe goen?

An hei ass d'Äntwert kloer: Nee, si mussen net zeréck an d'Schoul! A jo, et gëtt weider eng Ausnam fir 16 Joer jonk Schülerinnen a Schüler, wa si wëllen d'Schoul verloossen, fir schaffen ze goen.

Wien op d'mannst 16 Joer an en Aarbechtskontrakt huet, ass vun der Schoulflicht entbonnen. Dat awer just esoulaang, wéi de Kontrakt leeft. Als Beispill: E Schüler fänkt mat 16 u mat schaffen, verléiert awer seng Aarbecht, wann hie 17 Joer huet. An deem Fall muss de Schüler zeréck an d'Schoul goen, bis zu sengem 18. Gebuertsdag.

De Ministère erkläert op Nofro dat, wat och am Artikel 12 vum schonn erwäänte Gesetz steet: "E mannerjärege Schüler, deen op d'mannst 16 Joer al ass an en Aarbechtsvertrag ënnerschriwwen huet, ass och vun der Schoulflicht befreit fir d'Dauer vu sengem Aarbechtsvertrag. Dës Exemptioun gëllt bis den Dag nom Enn vu sengem Aarbechtskontrakt, wann de Schüler nach net den Alter vun 18 Joer erreecht huet".

Also: Ënnert den neie Regulatioune kann een d'Schoul nach ëmmer am Alter vu 16 Joer verloossen. Dat awer just, wann een en unerkannte Schoulofschloss huet oder en Aarbechtskontrakt ënnerschriwwen huet.