
D’Fotoe goufe mat de KI-Tools vu Google erstallt, an de Mann, deen ze gesinn ass, huet d’Uschëllegunge géint hien zeréckgewisen, nodeem hie bei der Attack verwonnt gi war.
Opgepasst: Biller an dësem Artikel enthalen Duerstellunge vu Gewalt
“Hei ass de Simulant an angeeblecht Affer vu Bondi Beach mat sengem ganze Konschtblutt. Hie laacht, wärend hie säi falscht Blutt retuschéiert kritt”, heescht et an engem X-Post vum 15. Dezember 2025.
D’Bild an dësem Bäitrag weist angeeblech den Arsen Ostrovsky, en Affekot fir Mënscherechter a Chef vum Australia/Israel & Jewish Affairs Council zu Sydney, wärend hien am Gras um Buedem sëtzt (archivéierte Link).
Eng Fra reift hie mat enger rouder Flëssegkeet an, niewendru steet en Dësch mat Schminkprodukter an d’Leit niewendru schéngen eng Produktiounsekipp ze sinn.
D’Bild huet sech mat änleche Behaaptungen op Reddit , X , Facebook a YouTube verbreet - an och op Japanesch, Tierkesch an Arabesch.
En aneren X-Notzer huet en anert Bild vum Ostrovsky mat der Bildbeschreiwung gedeelt: “Dat ass e modernt Wonner. Säi Kapp ass geheelt an huet absolutt keng Läinzeechen hannerlooss”.

Den Ostrovsky gouf beschëllegt, un enger inzenéierter Veranstaltung deelgeholl ze hunn, nodeem e Selfie vun him, op deem hie voll mat Blutt ze gesinn ass, nodeems eng Kugel säi Kapp um Bondi Beach gesträift hat, am Internet d’Ronn gemaach hat (hei archivéiert).
E Papp a säi Bouf haten de 14. Dezember op Leit geschoss, déi sech um berüümte Strand vu Sydney fir d’Chanukka-Fest versammelt haten. Si hunn dobäi 15 Mënschen ëmbruecht an Dosende blesséiert (hei archivéiert).
D’Police huet de 50 Joer ale Sajid Akram op der Plaz erschoss, wärend de 24 Joer ale Bouf, Naveed Akram, och ugeschoss gouf an dono ënner Opsiicht un der Police an d’Klinick bruecht gouf. D’Autoritéiten hu matgedeelt, d’Attack hätt Angscht a Panik an der jiddescher Communautéit vun Australie verbreede sollen.
D’Behaaptung vu Simulanten ass eng wäit verbreet Konspiratiounstheorie, déi dacks no Schéissereien an aneren Evenementer mat villen Affer am Internet opdaucht, wéi zum Beispill dem Krich tëscht Israel an der Hamas.
D’Biller, déi online gedeelt goufen, goufen awer mat Kënschtlecher Intelligenz generéiert.
Eng Analys mam SynthID-Tool vu Google, dat am Mee 2025 agefouert gouf, fir vu Kënschtlecher Intelligenz generéiert Inhalter ze erkennen, ergouf, dass d’Biller mat enger “immens héijer” Warscheinlechkeet mat Systemer vu Google erstallt goufen (hei archivéiert).

D’Bild weist eng Rei Ongereimtheeten op, déi op KI-generéiert Inhalter hindeiten, zum Beispill déi komesch Forme vum Ouer vum Mann, d’Hänn vun e puer Mataarbechter an zwee Autoen am Hannergrond, déi zu engem eenzege verschmolt sinn.

De Schrëftzuch op dem Mann sengem T-Shirt stëmmt net mat deem iwwereneen, deen den Ostrovsky unhuet, wéi de Fernseesender “9 News Australia” hien interviewt huet (archivéierte Link). Och d’Bluttflecken op sengem Hiem stëmmen net mat deenen op dem Video vum Sender iwwereneen.

Wéi hie vun der “Australian Broadcasting Corporation” zu de vu KI generéierte Biller befrot gouf, huet den Ostrovsky un d’Plattforme vu Sozialen Netzwierker appelléiert, verantwortungsbewosst ze handelen, an huet bäigefüügt, dass hien “dës krank a verdréit Campagnë vun Haass a Ligen net beäntwere” géif (archivéierte Link).
D’AFP huet den Ostrovsky ëm eng weider Stellungnam gebieden, dës blouf awer aus.
Dat zweet Bild - dat sech op der selwechter Plaz op X an Instagram verbreet hat - gouf den Angabe vum SynthID-Tool och mat Google AI erstallt.

Dem Ostrovsky säi Verband feelt am Verglach zu dem Originalbild, dat vun der israeelescher Ambassade an Australien op Instagram verëffentlecht gouf (archivéierte Link).

D’AFP huet nach aner Falschbehaaptungen iwwer d’Schéisserei um Bondi Beach opgedeckt.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.