
Am Internet goufe verschidde Behaaptungen iwwer de Gesondheetszoustand vum Päerd opgestallt: E puer Notzer hu geschriwwen, d’Päerd wier schwéier blesséiert ginn, anerer ware souguer der Meenung, et wier gestuerwen oder hätt missen ageschléifert ginn. D’Päerd huet sech Informatioune vun der Police no awer net blesséiert. D’Klinick, an där d’Déier ënnersicht gouf, huet dës Informatioune confirméiert.
“Policepäerd schwéier blesséiert”, huet d’däitsch Dageszeitung “Bild” den 29. November 2025 um 11.44 Auer am Liveticker iwwer d’Grënnungsversammlung vun der Jugendorganisatioun vun der däitscher Oppositiounspartei “Alternative für Deutschland” (AfD) zu Gießen an iwwer d’Géigeprotester, déi de Kongress begleet hunn. “Bei de Protester ass géint 11.15 Auer e Päerd vun der Bundespolizei en Hiwwel bei der Gare vu Gießen erofgefall.” D’Boulevardzeitung huet zu dësem Text e Bild vun engem Policepäerd verëffentlecht, dat um Buedem läit, en Houf ass an engem ëmgeknéckte Maschendrot verheddert.
Eng Abberzuel Notzer souwéi AfD-Politikerinnen a -Politiker hunn de selwechten Dag iwwer d’Noricht vu “Bild” eraus behaapt, d’Päerd hätt “dout am Gruef” geleeën oder et misst “warscheinlech ageschléifert ginn” an dass de Virfall “d’Resultat vu lénksextreemistescher Gewalt” wier. Dës Behaaptunge waren op X , Facebook , Instagram an Telegram ze liesen a goufe virun allem vu rietsextreemen Acteure verbreet.

D’Policepäerd ass wuel en Hiwwel erofgefall, huet sech dobäi awer offiziellen Angaben no net blesséiert an huet de Stuerz iwwerlieft.
Den 29. November 2025 hu sech jonk AfD-Membere fir d’Grënnungsversammlung vun der neier Jugendorganisatioun vun der Partei zu Gießen getraff. D’Participanten hu sech do op den neien Numm “Generation Deutschland” gëeenegt an hunn den AfD-Deputéierten aus dem Landtag vu Brandenburg Jean-Pascal Hohm zu hirem President gewielt.
D’AfD hat am Virfeld decidéiert, dass hir Jugendorganisatioun “Junge Alternative”, déi et bis Mäerz 2025 nach gouf, opgeléist gi sollt. Dat opgrond vun der Decisioun vum Bundesamt für Verfassungsschutz, d’Jugendorganisatioun als geséchert rietsextreem anzestufen. D’Generation Deutschland soll méi enk un d’Mammepartei gebonne ginn: Wärend d’Junge Alternative gréisstendeels onofhängeg agéiert hat an eng AfD-Memberschaft keng zwéngend Viraussetzung war, musse Membere vun der Generation Deutschland elo e Parteibichelche besëtzen. Wärenddeem hält de Verfassungsschutz déi nei AfD-Jugend op den éischte Bléck fir net manner radikal wéi hir Virgängerorganisatioun Junge Alternative.
D’Grënnungsversammlung gouf vun enger Rëtsch Géigeprotester begleet. D’Police huet vu 25.000 Demonstrante geschwat, dem “Bündis Widersetzen” no wären et 50.000 Participantë gewiescht. Dës Associatioun hat eng Demonstratioun ugemellt. Gréisstendeels wären d’Protester friddlech verlaf, housch et a Medieberichter a säitens dem hesseschen Inneministère. Et wieren awer och Policeagente souwéi Demonstrante blesséiert ginn. No den Demonstratioune wieren dem Gießener Parquet no eng Rei Plaintë gemaach ginn, zwou dovu géint Policebeamte wéinst dem Virworf vu Kierperverletzung wärend der Aarbecht.
En AfD-Deputéierten aus dem Bundestag huet géintiwwer der Noriichtenagence dpa bericht, hie wär bei de Protester ugegraff ginn. Och Journaliste goufe vun Demonstrante bedrängt. D’Grënnungsversammlung hat mat ronn zwou Stonne Verspéidung ugefaangen, well d’Demonstranten d’Weeër a Stroosse fir bei d’Hal blockéiert haten.
No vun der Gießener Gare war e Päerd vun der Bundespolizei bei der Begleedung vun de Protester um 11.20 Auer gefall. Doriwwer haten nieft der “Bild” och aner Medie bericht. A ville vun den online gedeelte Bäiträg ass déi selwecht Foto ze gesinn, déi och d’"Bild” am Liveticker benotzt hat.

Bal eng hallef Stonn no dësem Virfall hat de Boulevardmedium um 11.44 Auer d’Foto verëffentlecht a gemellt, d’Päerd hätt sech blesséiert. Am Nomëtteg hat d’Bundespolizei e Bäitrag op der Plattform X gepost an erkläert, dass en Déngschtpäerd “ouni Friemawierkung gestierzt” wär. “Souwuel d’Reiderin wéi och d’Päerd sinn net blesséiert.” Ausserdeem hat hat d’Bundespolizei appelléiert: “Mir bieden drëm, d’Verbreedung vu Falschinformatiounen ze ënnerloossen.”
Schlussendlech hat sech d’Police den 3. Dezember 2025 nach eng Kéier op X an an engem Pressecommuniqué zu de Falschbehaaptunge geäussert: D’Päerd mam Numm “Navaro” an d’Reiderin wiere “weiderhin net blesséiert”. Dobäi hat d’Bundespolizei zwou Fotoe vum Déngschtpäerd op enger Koppel gepost an ergänzt: “Ofwäichend Bild- oder Videomaterial gëtt ausdrécklech als gänzlech onzoutreffend zeréckgewisen.”
Ob an dësem Bäitrag vun der Police wierklech dat selwecht Päerd ze gesinn ass, konnt d’AFP net onofhängeg iwwerpréiwen. Och de Medium t-online souwéi d’“Märkische Allgemeine Zeitung”, an där hirem Verbreedungskrees sech d’Reiderstaffel vum Policepäerd zu Stahnsdorf bei Berlin befënnt, hunn iwwer d’Biller bericht. D’AFP huet mat Hëllef vun enger Stéchwierdersich ausserdeem e Video vun engem Fotograf fonnt, deen d’Demonstratioun begleet huet. Doran ass ze gesinn, wéi d’Päerd no kuerzer Zäit nees opsteet.
Obwuel d’Päerd net blesséiert gi wier, wier et “trotzdeem direkt bei en Déierendokter an eng no Déiereklinick bruecht” ginn, huet d’Bundespolizei an hirem Pressecommuniqué erkläert. D’Chutte wier an der Strooss Margaretenhütte no bei der Gare geschitt. An der Géigend befënnt sech d’Päerdsklinick vun der Justus-Liebig-Universität Gießen. Op AFP-Ufro hin huet eng Spriecherin vun der Universitéit de 5. Dezember 2025 erkläert: “D’Päerdsklinick vun der Justus-Liebig-Universität Gießen huet d’Päerd behandelt.” Fir Detailer iwwer de Gesondheetszoustand vum Päerd huet si op de Pressecommuniqué vun der Bundespolizei verwisen.
Iwwer de Virfall huet sech och PETA geäussert. An engem Pressecommuniqué vum 1. Dezember 2025 huet d’däitsch Déiererechtsorganisatioun “en Enn vum Mëssbrauch vun Déieren duerch d’Police” gefuerdert. An der Matdeelung huet PETA d’Informatioune vun der Police an de Medieberichter nogestallt, vu schwéiere Blessuren oder souguer dem Doud vum Déier geet net rieds.
A munche Bäiträg ginn Notzer zousätzlech op den Zonk an, deen um Buedem läit an an deem sech d’Päerd mam Houf verheddert huet. D’Déier hätt “offenbar en Zonk matgerappt”, huet et beispillsweis an engem Kommentar op X geheescht. Wéi d’dpa awer erkläert huet, läit den Zonk schonn op Google-Street-View-Opname vun 2022 um Buedem.
D’AFP huet d’Bild op Google Street View mat der Foto vu “Bild” verglach, dat an den online gedeelte Bäiträg verbreet gouf. Identesch Elementer, wéi Schëlter um Bord vun der Parkplaz am Hannergrond, eng Leitplank an al Tramsschinne confirméieren, dass den Zonk net eréischt duerch d’Päerd ëmgefall war.


Iwwer d’Chutte vum Päerd goufen och e puer offensichtlech KI-generéiert Videoe verbreet, ënner anerem vun der Rietsextreemistin Marla Svenja Liebich. Dora krut d’Päerd eng Stëmm an et seet beispillsweis, dass et him gutt géing oder et fuerdert e Verbuet vun der lénker antifaschistescher Aktioun.
D’AFP huet eng weider Falschbehaaptung iwwer d’Protester géint d’Grënnungsversammlung vun der AfD-Jugendorganisatioun iwwerpréift.
Fazit: Bei Demonstratioune géint d’Grënnung vun der neier AfD-Jugend “Generation Deutschland” den 29. November 2025 ass e Policepäerd en Hiwwel erofgefall. Schwéier blesséiert oder souguer ëmbruecht gouf et dobäi awer net, wéi d’Police matgedeelt huet. D’Päerdsklinick vun der Justus-Liebig-Universität Gießen huet matgedeelt, d’Päerd behandelt ze hunn an huet zu sengem Gesondheetszoustand op d’Deklaratioun vun der Police verwisen.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.