RTL-FaktencheckSou erkennt Dir Bedruch am Internet

RTL Lëtzebuerg
Internetsäiten, hannert deene Bedruch stécht, an E-Mailen, déi grousse Räichtum verspriechen. Faalt net drop eran!

Wie kennt se net? E-Mailen, déi engem verzielen, et hätt ee vun engem afrikanesche Prënz geierft, de Luxtrust ass ofgelaf an et muss ee privat Informatiounen aschécken, fir dëse rëm ze aktivéieren. Dat alles just, fir un Donnéeën ze kommen an de Leit schlëmmstefalls Suen aus der Täsch ze zeien. Dat gëtt et awer net nëmmen a Form vu Mailen, mee et ginn och Internetsäiten, déi dat selwecht Zil hunn. Et si Sitten, déi sech als eng offiziell Internetsäit verkafen a gäre mol eng existéierend Mark oder e Logo dofir gebrauchen. Hannendru stiechen awer falsch Verspriechungen a Bedruch, also Scam.

Ma zemools déi Jonk, déi mam Internet opgewuess sinn, an och Leit, déi dacks am Internet ënnerwee sinn, erkennen dës Säite relativ séier als Fake. An awer falen ëmmer rëm Internetbenotzer op esou Aktiounen eran. Dacks sinn esou Scam-Internetsäiten an englescher Sprooch, fir esou vill Leit wéi méiglech erreechen ze kënnen. Ma et ginn der awer och ëmmer méi op Lëtzebuergesch.

Zum Beispill war dëse Bedruchs-Mail ënnerwee. Den Ofsender stellt sech hei als Lëtzebuerger Police duer. Dat ass e Fake.

PDF: Déi neiste Versioun vun der Police-Bedruchs-Mail

Back to Top
CIM LOGO