Iwwerschwemmungen zu Bangkok4.900 Leit an Noutlogementer ënnerbruecht

AFP, iwwersat vun RTL
Nodeems deeglaang staarke Reen iwwer Bangkok erofgaangen ass, hunn d'Autoritéiten an Thailand bal 4.900 Leit an Noutlogementer ënnerbruecht.
Nach tagelangen heftigen Regenfällen in Bangkok haben Thailands Behörden fast 4900 Menschen in Notunterkünften untergebracht. Insgesamt seien rund 52.000 Haushalte in der Hauptstadt von den schweren Überschwemmungen betroffen, teilte die Stadtverwaltung mit.
Zanter en Donneschdeg sinn an der thailännescher Haaptstad bal 330 Liter Ree pro Quadratmeter gefall.
© AFP

Am Ganze wiere ronn 52.000 Stéit an der Haaptstad vun den uergen Iwwerschwemmunge betraff, heescht et vun der Verwaltung vun der Stad e Sonndeg. Dem Wiederdéngscht no sinn zanter en Donneschdeg bal 330 Liter Ree pro Quadratmeter gefall. Stroossen, Haiser a Butteker stinn ënner Waasser, e Méindeg bleiwen honnerte Schoulen zou.

E Samschdeg haten d'Autoritéite fir all 50 Bezierker vun der thailännescher Haaptstad de Katastrophefall ausgeruff. E Sonndeg konnt ee gesinn, wéi d'Leit a Reejackette mat hire Saachen a Plastiks-Bitercher duerch knéidéift Waasser getrëppelt sinn.

"Eis geet d'Iessen aus, dowéinst sinn ech rausgaangen, fir anzekafen", esou een Awunner. An de Supermarchéë wieren d'Regaler awer och scho bal eidel, zwou Stonnen hätt hien an engem iwwerfëllte Buttek an der Keess an der Schlaang gestanen.

Déi thailännesch Regierung huet d'Bevëlkerung opgeruff, op Hamsterkeef ze verzichten an huet gewarnt, datt Präisdreiwerei eng Strofdot wier. Experten no huet de vum Mënsch verursaachte Klimawandel dozou gefouert, datt sech extreem Wiederevenementer verstäerken a méi dacks optrieden.

Dës Kéier wier d'Héichwaasser besonnesch schlëmm, sot de 44 Joer ale Kosin Nilset, dee laanscht de Premprachakorn-Kanal um Bord vun der Stad lieft. Säin Haus hätt 30 Stonne laang ënner Waasser gestanen. En aneren Awunner huet sech iwwer d'Autoritéite beschwéiert, déi ze spéit virun den Iwwerschwemmunge gewarnt hätten. "Ech hu mech iwwerhaapt net dorop virbereet. Mir hu gëschter eng Warn-SMS kritt, mä d'Waasser ass schonn an der Nuecht virdrun erakomm."

Aus 25 Provënzen an Thailand goufen der Katastropheschutzautoritéit no e Sonndeg Iwwerschwemmunge gemellt. De Verdeedegungsministère huet matgedeelt, datt am ganze Land méi wéi 10.000 Zaldoten am Asaz wieren. Eréischt vun e Méindeg u soll et manner reenen.

Back to Top
CIM LOGO