
30 Joer nom Mord um US-Rapper Tupac Shakur ass de fréiere Gang-Chef Duane Davis zu enger Prisongsstrof vu 40 Joer verurteelt ginn.
Den haut 63 Joer alen Davis war an den 1990er Jore Chef vun der Gang "South Side Compton Crips". Hien ass schonn ugangs September vun enger Jury wéinst dem Mord um Tupac schëlleg geschwat ginn. Erwëscht gouf hien, well e sech a senger Autobiographie mam Mord gebretzt hat.
De Mord um Rapper huet laang zu de bekanntsten ongeléiste Rätsel an den USA gehéiert. Den Tupac war 1996 am Alter vu 25 Joer erschoss ginn. Zu deem Zäitpunkt gouf et der amerikanescher Hip-Hop-Zeen e prominente Konflikt tëscht Museker vun der amerikanescher Ostküst an der Westküst.
Am Zentrum vum Sträit stoungen d'Placke-Labelen "Death Row Records" vu Los Angeles a "Bad Boy Records" vun New York. Ëm dës Rivalitéit ass et och am Prozess géint den Duane Davis gaangen. "Bad Boy Records" hate wärend dem Sträit d'"South Side Compton Crips" fir de Persouneschutz engagéiert.
Der Enquête vun der Police no hätten den Tupac Shakur an de Chef vun "Death Row Records" Marion "Suge" Knight um Owend vum 7. September 1996 dem Duane Davis säin Neveu zesummegeschloen. Den nämmlechten Owend hat e wäisse Cadillac dem Shakur säin Auto iwwerholl. Aus dem Won war e puer Mol op de Rapper geschoss ginn. Hie war schwéier blesséiert an d'Spidol komm, wou hie sechs Deeg méi spéit stierwe sollt. Weder de Cadillac, nach d'Waff, mat där geschoss gouf, si jeemools fonnt ginn.
Well et kaum Beweiser gouf, war d'Enquête ëm dem Kënschtler säin Doud joerzéngtelaang net weider komm. Geännert hat sech dat allerdéngs 2019, wéi den Davis seng Autobiographie publizéiert hat. An dëser sot hien, dass hien um Owend vum Tupac sengem Doud hannert dem Steier vum Cadillac gesiess an engem Passagéier op der Réckbänk eng Pistoul ginn hätt. Wie genee geschoss hat, sot den Davis net. Alleguer déi aner Männer, déi deemools am Auto souzen, sinn antëscht dout.
Den Davis hat sech an der Vergaangenheet och virun Enquêteure mam Mord gebretzt, spéider hat hien ofgestridden, eppes mat der Dot ze di gehat ze hunn.
Am Plädoyer vum Procureur huet et am Prozess geheescht, dass den Davis de Mord um Tupac ordonéiert hätt, nodeems dëse säin Neveu zesummegeschloen hat. Dat wier eppes gewiescht, wat hien an der Welt vun de kriminelle Gangs net einfach hätt kéinten akzeptéieren. Dem Davis säi Verdeedeger sot dogéint, dass säi Mandant a senger Autobiographie gelunn hätt, fir dass d'Buch sech besser verkeeft.