Villes géif dorop hindeiten, datt d‘Feier duerch Späizmännecher op Schampesfläschen, déi ze no un de Plaffong gehale goufen, ausgeléist gouf, esou d‘Procureure générale Béatrice Pilloud bei enger Pressekonferenz e Freideg. Allerdéngs géif weider an all Richtungen no der Ursaach vum Feier enquêtéiert ginn. D’Enquête misst dann och weisen, ob eng penal Responsabilitéit besteet. An deem Fall géif eng Instruktioun opgemaach ginn fir “Incendie par négligence” an “Homicide par négligence”, esou nach d‘Procureure générale.
Am Kader vun där Enquête wieren och déi zwee Proprietäre vun der Bar gehéiert ginn, mä et gouf bis ewell keen inculpéiert, esou nach d’Procureure.
D’Zuel un Doudege läit aktuell weiderhi bei 40, dobäi kommen 119 Blesséierter, vun deenen antëscht 113 identifizéiert gi wieren. A sechs Fäll waarden d’Ermëttler nach op eng definitiv Confirmatioun vun der Identitéit. Dat huet de Frédéric Gisler, Kommandant vun der Walliser Police, matgedeelt.
Deemno hätten 71 Blesséierter déi Schwäizer Nationalitéit. Donieft wiere 14 Fransousen, 11 Italieener, véier Serben, ee Bosnier, ee Belsch, ee Lëtzebuerger, ee Pol an ee Portugis ënnert de Blesséierten. E groussen Deel vun de Blesséierte wier nach ëmmer a Liewensgefor an eng 50 goufe schonn oder wäerten an den nächsten Deeg nach a spezialiséiert Zentere fir Brandaffer an d‘Ausland transferéiert ginn. E Freideg den Owend wäert déi Lëtzebuerger Air Rescue zwee Patienten aus der Schwäiz op Leipzig bréngen.
D‘Prioritéit vun de lokalen Autoritéite läit bei der Identifikatioun vun de 40 Doudesaffer. Ma dat bräicht nach Zäit. Et géif Dag an Nuecht geschafft ginn, fir de Famillje vun den Affer esou séier wéi méiglech Gewëssheet kënnen ze ginn, esou de Frédéric Gisler nach. Aktuell schaffen 30 Leit dorun.
Villes géif iwwerdeems dorop hindeiten, datt d‘Feier duerch Späitzmännecher op Schampesfläschen, déi ze no un de Plaffong gehale goufen, ausgeléist gouf, esou d‘Procureur général Béatrice Pilloud. Allerdéngs géif weider an all Richtungen no der Ursaach vum Feier enquêtéiert ginn. Am Kader vun där Enquête wieren och déi zwee Proprietäre vum Bar gehéiert ginn.
Iwwerdeem ass zwee Deeg nom déidleche Brand d’Situatioun an de Schwäizer Spideeler weider ganz ugespaant, sou de Regierungschef vum Wallis. Fleegepersonal hätt Congéen annuléiert, fir de Kolleegen ze hëllefen. Nieft de lokale Spideeler wieren och déi spezialiséiert Spideeler zu Zürech an zu Lausanne antëscht ausgelaascht. Och aus dem Ausland kënnt Hëllef, esou hunn zum Beispill Frankräich, Italien an Däitschland ugebueden, Schwéierblesséierter an hire Spideeler opzehuelen. Donieft solle franséisch Spezialiste fir schwéier Brandblessuren an d’Schwäiz transferéiert ginn.
Wéi de Sécherheetsdirekter vum Kanton Wallis, de Stéphane Ganzer, am Laf vum Freideg de Moien um franséischen RTL confirméiert huet, géingen 80 bis 100 Brandaffer ëm hiert Liewe kämpfen. De schonn traurege Bilan vu 40 Doudege kéint sech nach verschlëmmeren. Patiente mat Verbrennunge vum drëtte Grad op 15 Prozent vun der Surface vum Kierper hätten e méi héije Risiko an de Stonnen an Deeg nom Incident ze stierwen, esou de Stéphane Ganzer weider.
Liest hei eisen Artikel vum 1. Januar: