"Mir bedauere matdeelen ze mussen, datt d'Maricarmen haut gestuerwen ass", huet de Locatairsverband e Mëttwoch matgedeelt. No der Expulsioun war d'Maricarmen wéinst Erschëpfung an d'Spidol ageliwwert ginn.
Déi gréisst Gewerkschaften a Spuenien hunn iwwerdeem zu engem Generalstreik den 11. November opgeruff, fir virun de virgezunne Parlamentswalen d'Opmierksamkeet op der Logementskris ze halen. D'Leit solle "fir besser Paien, fir mënschewierdege Wunnraum a fir Präiskontrollen" op d'Strooss goen.
D'Massendemonstratioune waren duerch d'Expulsioun vun der Maricarmen aus hirem Doheem den 23. September ausgeléist ginn. Déi 87 Joer al Fra war op enger Brëtsch aus hirer Wunneng zu Madrid geholl ginn, nodeems en Investisseur de Präis vum Loyer ëm 275 Prozent op 2.650 Euro erhéicht hat. D'Maricarmen hat zanter méi wéi 70 Joer an der Wunneng gelieft.
Um Héichpunkt vun de Protester hat d'Maricarmen sech aus dem Spidol un d'Demonstrante geriicht. An engem Video huet si d'Leit opgeruff, mam Widderstand weiderzemaachen: "Ech bieden iech all ëm Mutt, kämpft, verdeedegt dat, wat iech gehéiert." Méi spéit gouf et zwar en Accord iwwer hire Retour an d'Wunneng, d'Maricarmen huet dat awer nëmmen e puer Deeg iwwerlieft. "Dës Léisung kënnt ze spéit", esou de Locatairesverband. "Eng komplett vermeidbar Situatioun no engem qualvolle Prozess."
De sozialistesche Ministerpresident Pedro Sánchez, deen eng Minoritéitsregierung leet, wollt doropshi seng Propose géint d'Wunnengskris am Parlament duerchsetzen, krut awer keng Majoritéit. Fir d'Bekämpfung vun der Wunnengskris am Land hat hien ënnert anerem e Moratoire fir Expulsioune bis 2030 geplangt, souwéi datt et keng Friste méi op Kontrakte fir Locatairë gëtt.
Leschte Méindeg huet de Sánchez dunn Neiwale fir Enn November annoncéiert. Aktuell leien déi oppositionell konservativ Vollekspartei PP an déi ultrariets Partei Vox an de Sondagë vir. D'Mesurë vun der Regierung waren um Widderstand vun der PP an der Vox souwéi der katalanescher Onofhängegkeetspartei Junts gescheitert. De Sánchez hofft elo, datt d'Wieler dat rietst Lager dofir am November bestrofe wäerten - a seng lénksgeriicht Regierung mam Theema Wunnengskris punkte kann.
Allerdéngs ass de Sánchez a Spuenien net immens beléift: Seng Regierung an déi sozialistesch Regierungspartei PSOE hu sech sëllege Skandaler geleescht, fir d'lescht hat d'Migratiounskris an der Exklav Ceuta fir groussen Onmutt bei der Bevëlkerung gesuergt.