Protest-Camp zu Madrid opgeriichtDausenden demonstréieren no forcéierter Expulsioun vun 87 Joer aler Fra aus hirem Doheem

AFP, iwwersat vun RTL
Nëmmne e puer Deeg nodeems eng eeler Fra zu Madrid forcéiert gouf, hiert Doheem ze verloossen, koum et lo zu enger Protestbeweegung.
D'Mënschen zu Madrid hunn es genuch.
D'Mënschen zu Madrid hunn es genuch.
© THOMAS COEX/AFP

Zéngdausende Leit ginn dëser Deeg zu Madrid op d'Strooss fir géint d'Logementspolitik vun der Stad an och der Regierung ze protestéieren. Ausgeléist gouf dat Ganzt, wéi eng 87 Joer al Fra dës Woch aus hirer Wunneng erausgehäit gouf. D'Biller, wéi d'Maricarmen Abascal e Mëttwoch op enger Brëtsch aus hirer Wunneng gedroe gouf, hat d'Debatten ëm bezuelbare Wunnraum nees ugeheizt.

"Du kéints déi nächst Maricarmen sinn" heescht et ënner anerem op de ville Bannere bei der Demonstratioun e Samschdeg. Ronn 25.000 Leit hu sech dem Protest ugeschloss an um Enn hunn Aktiviste souguer e Camp op der zentraler Plaz Puerta del Sol opgeriicht. Jiddereen soll sech virum Sëtz vun der Regionalregierung versammelen, heescht et vun den Organisateuren. "Mir kënnen et net nach méi laang matmaachen", schreiwe si op X an enger Erklärung. "Entweder kippt de Loyerssysteem oder d'Regierung."

Och an anere spuenesche Stied gëtt reegelméisseg protestéiert.
© THOMAS COEX/AFP

De Fall vun der 87 Joer aler Maricarmen Abascal hat a Spuenien fir vill Diskussioune gesuergt: D'Fra, déi zanter 70 Joer an hirer Wunneng an der spuenescher Haaptstad gewunnt huet, gouf Zwangs-Expulséiert, dat nodeems en Investisseur d'Gebai opkaaft huet an hire Loyer vu 500 op 2.650 Euro de Mount gehuewen huet.

Back to Top
CIM LOGO