Walen an den USAJoe Biden verzicht op Presidentschaftskandidatur an ënnerstëtzt Kamala Harris

RTL Lëtzebuerg
Den US-President zitt sech aus der Course ëm de Poste vum nächsten US-President zeréck. Dat huet hien op X matgedeelt.
US-Presidentiellen: Joe Biden zitt sech zeréck a proposéiert Kamala Harris
Nom groussen Drock op den aktuellen US-President, huet dee seng Kandidatur zeréckgezunn.

Den US-President Joe Biden wäert sech net ëm eng weider Amtszäit bewerben, dat huet hien e Sonndeg den Owend an engem Message op X bekannt ginn.

An de leschte Woche war den Drock op den aktuellen US-President ëmmer méi grouss ginn. Vill Politiker, och aus de Reie vun den Demokraten, hunn Zweiwel un enger weider Kandidatur vum 81 Joer ale Politiker geäussert. E Sonndeg den Owend huet hie sech dunn aus dem US-Walkampf zeréckgezunn.

Wéi et a sengem Post op X heescht, géing hie sech elo drop konzentréieren, seng Flichten bis un d’Enn vu senger Amtszäit ze erfëllen. Hie wéilt sech am Laf vun der Woch un d’Natioun riichten, fir seng Decisioun ze erklären.

“Et war déi gréisst Éier vu mengem Liewen, als President ze déngen”, sou nach de Biden a senger Erklärung op X.

Den Joe Biden hat sech no enger Infektioun mam Coronavirus virun e puer Deeg a säi Privathaus zu Rehoboth Beach am Bundesstaat Delaware zeréckgezunn. Ëffentlech hat hie bis ewell all Fuerderungen no engem Réckzuch decisiv zeréckgewisen an ugekënnegt, hie wäert déi nächst Woch nees mam Walkampf viru fueren. Dëst wäert elo net méi geschéien.

Vun Ufank un hu vill Amerikaner sech schwéier gedoen, den Joe Biden mat 81 Joer fir 4 weider Joer am Wäissen Haus ze gesinn. Nom éischten Optrëtt géint den Donald Trump op der Tëleeschaîne CNN huet sech dat Bild verstäerkt.

Kamala Harris wëll US-Presidentschaftskandidatin ginn

No sengem Réckzuch huet den Joe Biden an engem weidere Post op X seng voll Ënnerstëtzung dem Kamala Harris ausgedréckt.

E Sonndeg den Owend huet si sech dann och eng éischte Kéier zu Wuert gemellt. “Ech ville mech geéiert, d’Ënnerstëtzung vum President ze hunn, an ech hunn d’Intentioun, dës Nominéierung ze verdéngen an ze gewannen”, sou d’Harris an enger schrëftlecher Stellungnam.

Wéi geet et elo virun?

D’Demokrate brauchen en neie Kandidat oder eng Kandidatin bis de Partei-Konvent an engem knappe Mount. Gewielt gëtt den neie President de 5. November. Virwale kënnen elo keng méi ofgehale ginn, esou datt een oder méi Kandidaten um Konvent wäerten untrieden an den neie Géigner vum Donald Trump spéitstens bis den 22. August wäert bekannt sinn.

Kamala Harris wier eigentlech gesat

Och dës Kéier ass den Joe Biden mat der Kamala Harris ugetrueden, fir dass si fir 4 weider Joer Vize-Presidentin vun den USA kéint ginn. Allerdéngs ass d’Kamala Harris net vill an der Ëffentlechkeet gewiescht an ass och an aktuelle Sondagen hannert dem Donald Trump. E Virdeel wier, dass si kéint fir hir Walcampagne op d’Parteispenden zeréckgräifen, déi bis elo fir d’Biden-Campagne erakomm sinn.

Aner méiglech Kandidatinnen a Kandidaten?

D’Presidentschaftswalen an den USA entscheede sech ëmmer an de sougenannte Swing States, Staate wou et net sécher ass, ob d’Demokraten oder d’Republikaner gewannen an et dacks op e puer Stëmmen ukënnt. D’Demokraten hu besonnesch Wisconsin, Michigan a Pennsylvania am A. An den dräi Staate gëtt et mtm Tony Evers, Gretchen Whitmer an Josh Shapiro demokratesch Gouverneuren.

Och den Numm vum Gavin Newsom, dem demokratesche Gouverneur vu Kalifornien zirkuléiert, well en an der Vergaangenheet informell schonn Intressi fir 2028 ugemellt hat. Och den Numm vun enger Michelle Obama ass an de leschte Wochen ëmmer nees gefall. Sécher déi Kandidatin mat der gréisster Chance éischt Presidentin vun den USA ze ginn.

Den amerikanesche Walkampf wäert och an den nächsten Deeg spannend bleiwen an d’Spekulatiounen, wien eng Chance géint den Donald Trump huet, wäert virugoen.

RTL-Artikel (16.7.24): Biden, Trump oder dach een aneren? Attentat op Trump an déi politesch Konsequenzen
RTL-Artikel: Reaktiounen op Biden-Récktrëtt: Biden war als Presidentschaftskandidat “net gëeegent”, sou Donald Trump
Wéi geet et weider an den USA? Eng Korrespondenz vum Goerges Zens (22.7.24)

Back to Top
CIM LOGO