
No der Erklärung vum US-President Joe Biden, op eng weider Presidentschaftskandidatur ze verzichten, huet d’Reaktioun vum fréieren US-President Donald Trump net laang op sech waarde gelooss.
De Republikanesche Presidentschaftskandidat sot e Sonndeg den Owend, datt den Joe Biden als Presidentschaftskandidat “net gëeegent” wier.
“De korrupten Joe Biden war net gëeegent, fir fir d’Amt vum President ze kandidéieren, an hien ass ganz sécher net déngschtfäeg - a war et och ni!”, sou den Donald Trump op senger Plattform “Truth Social”.
“Et gouf nach ni e President, deen den USA esou vill Schued zougefüügt huet. (...) Vun der Energieonofhängegkeet bis zum Accueil vu Milliounen illegalen Awanderer”, sou den Trump an engem Interview mat NBC News. Weider sot hien nach: “Mir wäerten dat an Uerdnung bréngen, wat hien ugeriicht huet.”
Den Donald Trump huet sech och zu enger méiglecher Presidentschaftskandidatur vun der US-Vize-Presidentin Kamala Harris geäussert. An engem Interview mat der Chaîne CNN sot den Trump, datt senger Usiicht no d’Kamala Harris als méiglech nei Erausfuerderin nach méi einfach ze schloe wier, wéi de Biden.
First Lady kommentéiert Biden-Récktrëtt mat zwee Häerzer
D’Jill Biden huet de Réckzuch vun hirem Mann aus der Course ëm d’Wäisst Haus mat engem Emoji kommentéiert. D’First Lady huet iwwert hire privaten Account op der Plattform X de Post vum US-President Biden gedeelt an zwee Häerzer dobäi gemaach.
De Chef-Demokrat am US-Senat, Chuck Schumer, huet dem Joe Biden säi Respekt ausgedréckt, fir d’Decisioun, déi hie geholl hätt. De Biden wier net nëmmen e groussaartege President, mä och e wierklech bemierkenswäerte Mënsch. Den Dag vun haut géing weisen, datt de Biden “e richtege Patriot a groussen Amerikaner” wier.
Déi fréier Spriecherin vum Representantenhaus Nancy Pelosi huet den Joe Biden als patrioteschen Amerikaner bezeechent, deen d’Land ëmmer un éischter Stell gesinn hätt. Säi Vermiechtnes u Visiounen, Wäerter a Féierungsqualitéite géifen hien zu engem vun de bedeitendste Presidenten an der amerikanescher Geschicht maachen.
Obama seet Biden Merci - nach keng Ënnerstëtzung fir Harris
De fréieren US-President Barack Obama huet den US-President Joe Biden fir seng Decisioun gelueft. An enger Erklärung huet den Obama hien ënnert anerem als ee vun de bedeitendste Presidente vun Amerika bezeechent an en als “léiwe Frënd a Partner” bezeechent. Seng Ënnerstëtzung fir d’Kamala Harris huet den Obama nach net ausgeschwat. “Mir wäerten an den nächsten Deeg duerch onbekannt Gewässer navigéieren. Ma ech hunn ausseruerdentlecht Vertrauen, datt d’Féierung vun eiser Partei an der Lag wäert sinn, e Prozess ze schafen, aus deem een excellente Kandidat ervirgeet”, sou nach de fréieren US-President.