No der Schéisserei, bei där zwee Mataarbechter vun der israeelescher Ambassade ëm d'Liewe koumen, gëtt dem presuméierten Täter Mord reprochéiert.

D'Autoritéiten hunn d'Attack op den Däitsch-Israeeli Yaron Lischinsky an d'US-Biergerin Sarah Lynn Milgrim "als terroristeschen Akt an als Haassverbriechen" klasséiert, sot déi kommissaresch US-Procureur fir de Bezierk Columbia, Jeanine Pirro, en Donneschdeg den Owend viru Journalisten. De Verdächtege koum en Donneschdeg eng éischt Kéier viru Geriicht.

Dem 31 Joer ale Mann gëtt de Geriichtsdokumenter no ënnert anerem Mord virgeworf. Am Fall vun enger Verurteelung dreet him d'Doudesstrof. "Ech ginn dovun aus, datt am Laf vun den Ermëttlunge weider Uklopunkten dobäi komme wäerten", sot d'Pirro. Si huet dorop higewisen, datt fir den 18. Juni eng virleefeg Auditioun ugesat gi wier.

Erschoss goufen de Lischinsky an d'Milgrim matten op engem Trottoir virum Jiddesche Musée zu Washington D.C., an deem grad en Event war. D'Policecheffin Pamela Smith huet erkläert, datt d'Ermëttler dovun aus ginn, datt d'Dot "vun engem eenzele Verdächtege begaange goung".

Mat 21 Schëss vun hannen ëmbruecht

De presuméierten Täter ass der Police no en 31 Joer ale Mann mam Numm Elías Rodríguez aus Chicago. De Geriichtsdokumenter no huet de Rodríguez seng Affer vun hanne mat 21 Schëss ëmbruecht. Deemno huet hien nach op d'Koppel geschoss, nodeems dës schonn um Buedem louch. Och huet hie weider op d'Milgrim geschoss, wéi si probéiert huet, ewech ze krauchen.

Wéi hie festgeholl gouf, huet de presuméierten Täter de Beamte gesot, hien hätt "et fir Palästina gemaach, ech hunn et fir Gaza gemaach".

Dem israeeleschen Ambassadeur no waren de Lischinsky an d'Milgrim eng Koppel. Eréischt viru Kuerzem hätt de Lischinsky e Rank kaf an hätt senger Frëndin nächst Woch zu Jerusalem wëllen en Heiratsantrag maachen, huet dem Ambassadeur Yechiel Leiter erkläert.