Bei enger Schéisserei virum Jiddesche Musée zu Washington goufen zwee Mënschen ëmbruecht. Den Täter konnt vun de Sécherheetsleit festgehale ginn.

E Mëttwoch den Owend koum et virum Jiddesche Musée zu Washington D.C. zu enger Schéisserei, bei där zwee Mënschen ëmbruecht goufen. Wéi d'Policecheffin Pamela Smith antëscht confirméiert huet, hätten d'Beamten nom Noutruff e Mann an eng Fra bewosstlos an ouni Liewenszeechen op der Plaz fonnt. Trotz Reanimatiounsversich hätt hinnen net méi konnte gehollef ginn.

Den Täter wier no der Dot an de Musée eragaangen, wou hie vu Sécherheetsleit festgehale gouf, bis d'Police op der Plaz war. De presuméierten Täter ass der Police no en 30 Joer ale Mann mam Numm Elias Rodriguez aus Chicago. Et géing een dovun ausgoen, datt hien Eenzeltäter war.

D'US-Heemechtschutzministesch Kristi Noem hat um spéide Mëttwochowend matgedeelt, datt d'Affer Mataarbechter vun der israeelescher Ambassade sinn. "Zwee Mataarbechter vun der israeelescher Ambassade goufen haut den Owend an der Géigend vum Jiddesche Musée zu Washington D.C. op sënnlos Aart a Weis ëmbruecht", schreift d'Noem op X.

D'US-Justizministesch Pam Bondi huet geschriwwen, datt si op der Plaz wier an et eng "schrecklech Schéisserei" war. Zu den Hannergrënn vun der Dot hu béid Ministesche bis ewell keng Detailer ginn, et géing awer "aktiv ermëttelt" ginn.

Mataarbechter vun israeelescher Ambassade koum aus Bayern

Ee vun den zwee Mataarbechter vun der israeelescher Ambassade, déi an den US-amerikanescher Haaptstad e Mëttwochowend (Lokalzäit) net wäit vum Jüddesche Muséee erschoss goufen, ass der Däitsch-Israeelescher Gesellschaft (DIG) no deelweis an Däitschland opgewuess.

De Yaron Lischinsky wier deels a Bayern opgewuess, hätt fléissend Däitsch geschwat an hätt sech "mat grousser Selbstverständlechkeet tëscht de Kulturen" beweegt. "Mir erënneren un hien als oppenen, gescheiten, déif engagéierte Mënsch, deem säin Interessi un den däitsch-israeelesche Bezéiungen an de Weeër zu der friddlecher Koexistenz am Noen Osten op säi ganzt Ëmfeld ausgestraalt huet", esou den DIG-President Volker Beck.

Lokal Medien hate virdru gemellt, datt ënnert den Affer eventuell och en israeeleschen Diplomat wier. Den israeeleschen UN-Ambassadeur Danny Danon huet d'Dot als "schrecklechen Akt vum antisemitteschen Terrorismus", dee "baussent engem Event am Jiddesche Musée zu Washington" geschitt war.

D'Noriichtesäit "Jewish Insider" huet mat Aenzeie geschwat, deenen no den Täter en Duch mat der Bezeechnung Kufiya soll ugehat hunn, dat och als Palästinenserduch bekannt ass. Hie soll deemno "Free Palestine" geruff hunn. Der israeelescher Noriichtenagence "Ynet" soll d'Spriecherin vun der israeelescher Ambassade zu Washington gesot hunn, datt d'Mataarbechter "vun noem erschoss goufen".

Israel wëll Vertriedunge méi sécher maachen

No der Dot zu Washington huet den israeelesche Ministerpresident Benjamin Netanjahu annoncéiert, d'Vertriedunge vun Israel weltwäit méi staark ze sécheren. Hie wier "schockéiert iwwer de grausamen antisemittesche Mord" an der US-Haaptstad. "Mir erliewen de schreckleche Präis, deen Antisemitismus a wuessend Hetz géint de Staat Israel fuerderen", sot den Netanjahu. Säi Häerz géing bludde fir d'Famillje vun de jonken Affer.