
De President Emmanuel Macron huet e Sonndeg den Owend eng Usprooch gehalen. Virdrun hat hien nach Entrevuë mam Premier Sébastien Lecornu an den zoustännege Ministeren.
No den Ausschreidungen um Bord vun de Manifestatioune géint déi héich Liewenskäschten a fir eng besser Bildung hunn de Weekend Gebaier an Autoen uechter d'Land gebrannt a Geschäfter goufen eidelgeraumt. De Premier Lecornu huet vun engem "extreemen Ausmooss u Gewalt" geschwat.
A senger Usprooch huet de Macron fir d'éischt déi schro Ausschreidungen e Samschdeg adresséiert - ënnert anerem zu Limoges, Lyon a Marseille, wou Gemengen an en Touristebüro gestiermt an am Fall vu Limoges a Lyon souguer niddergebrannt goufen.
"Wéi kënne Fransouse Frankräich dat undoen?", huet de Macron gefrot, an d'Ausschreidungen als "net ze rechtfäerdegen" bezeechent. Déi, déi dofir responsabel wieren, géifen zur Rechenschaft gezu ginn. Gläichzäiteg huet de Macron och "voll Transparenz" versprach, wann et drëm goe géif, d'Aktioune vun der Police ze ënnersichen.
De Macron huet dann och nach däitlech gemaach, datt et ee kloren Ënnerscheed géif ginn, tëscht deenen, déi d'Butteker ausgeraumt hunn, an deenen, déi op d'Strooss gaange sinn, fir hir legitim Suergen auszedrécken.
Vum Inneministère goufen et iwwerdeems e Sonndeg den Owend nei Zuelen: Antëscht ass vu bal 2.400 Festnamen an 1.000 blesséierte Poliziste rieds.