Eng Woch laang hat et gebranntBëschbrand am däitschen Hürtgenwald komplett geläscht

RTL mat AFP
De bis ewell gréisste Bëschbrand vun dësem Summer an Däitschland ass elo ganz geläscht.
© CHRISTIAN KNIEPS/dpa Picture-Alliance via AFP

D'Läschaarbechten am Hürtgenwald a Rheinland-Pfalz wieren eriwwer, sou de Buergermeeschter vun der Gemeng Stephan Cranen en Donneschdeg den Owend. "D'Feier ass geläscht. Déi lescht Unitéiten zéie sech aktuell aus de Brandgebitt zeréck."

D'Feier war lescht Woch ausgebrach an hat d'Pompjeeën dohannen deeglaang beschäftegt. D'Gemeng Hürtgenwald an der Äifel hat aus Sécherheetsgrënn tëschenzäitlech missen evakuéiert ginn. Ronn 1.800 Awunner waren dovu betraff.

De Bësch bleift bis op Weideres gespaart. Dëst soll nei Bränn verhënneren, gëllt awer och als Schutzmesure fir d'Mënschen do. Duerch d'Feier wiere vill Beem geschwächt an net méi stabil.

Liest och:

Back to Top
CIM LOGO