Konsequenze vum KlimawandelZerstéierungen duerch Bëschbränn an Europa kéinte sech verdräifachen

RTL mat AFP
Enger Etüd no kéint sech d'Ausmooss vun der Zerstéierung duerch Bëschbränn an Europa wéinst dem Klimawandel an den nächste Joerzéngte quasi verdräifachen.
Symbolbild
Dëse Summer koum et net just a Spuenien, Griicheland, Portugal a Frankräich zu Bëschbränn.
© HANDOUT/AFP

Der Enquête vum Potsdam-Institut für Klimafolgenforschung (PIK) no géife bei engem Zenario mat nidderegen Zäregasemissiounen an enger globaler Temperaturhausse ëm ongeféier 1,8 Grad bis zum Enn vun dësem Joerhonnert ronn 39 Prozent méi Flächen duerch Bëschbränn zerstéiert gi wéi haut. Bei engem Zenario mat héijen Zäregasemissiounen an enger Temperaturhausse ëm ongeféier 3,6 Grad hunn d'Berechnunge vun den Experten eng däitlech Hausse ëm 192 Prozent, also eng Verdräifachung vun den zerstéierte Flächen opgewisen.

Fir d'Ausmooss vun zukünftege Bëschbränn ze minimiséieren, proposéieren d'Auteure vun der Etüd zousätzlech zu enger Verréngerung vun de klimaschiedlechen Emissiounen nach "Verbesserunge bei der Präventioun, Fréierkennung a Brandbekämpfung" als Schlësselfacteur. "Eis Resultater weisen drop hin, dass d'verbrannte Fläch souguer bei enger vergläichsweis gerénger Erwiermung ëm ongeféier 1,8 Grad däitlech klamme kéint", sou de PIK-Forscher Maik Billing. Hien ass Chef-Auteur vun der Etüd, déi an der Fachzeitung "Global Change Biology" verëffentlecht gouf. "Wa mir awer méi Emissioune verursaachen an déi global Temperaturen ongeféier ëm 3,6 Grad Celsius klammen, wäerte Bränn wesentlech méi dacks optrieden, besonnesch am Mëttelmierraum souwéi a groussen Deeler vu West- a Mëtteleuropa, inklusive Gebidder, an deenen et bis ewell kaum Bränn gouf."

Nieft de Klimaschutzmesuren hunn d'Auteure vun der Etüd och d'Moossnamen zur Präventioun, Erkennung a Bekämpfung vu Bränn op d'Äerd, déi sech ëmmer méi erwiermt, ënnert d'Lupp geholl. D'Experte vun der Senckenberg Gesellschaft fir Naturfuerschung hu fir d'Etüd ausgerechent, dass kontinuéierlech Verbesserunge beim Brandmanagement d'Brandfläch an engem 1,8-Grad-Zenario ëm 92 Prozent reduzéiert ka ginn a bei enger Temperaturhausse ëm 3,6 Grad ëmmerhin ëm 72 Prozent. Si weisen allerdéngs drop hin, dass d'Resultater am Hibléck op d'Wierksamkeet vum Brandmanagement an engem däitlech méi waarme Klima méiglecherweis ze optimistesch ausfalen.

"Mir gesinn, dass d'Brandkonditiounen an d'Luucht ginn, dohier musse mir méi investéieren", sou de Senckenberg-Fuerscher a Studien-Co-Auteur Thomas Hickler. Méi héich Investitioune beim Bëschbrandmanagement an Europa, zum Beispill d'Ausbildung vun de Secouristen, en adequat Ekipement an eng besser Koordinatioun tëscht Fierschtere, Naturschutz a Pompjeeën, kéinten "en eminenten Ënnerscheed" ausmaachen. "Sollten d'Bränn wierklech extreem Ausmoossen unhuelen, kéinten eis Fäegkeeten, se anzedämmen, un hir Grenze stoussen", warnt den Hickler weider. Nach wier onkloer, "wéini dëse Punkt erreecht ass". Déi jéngste Rekordbränn a Frankräich weisen "däitlech, dass mir dat net einfach aus den Erfarunge vun der Vergaangenheet ofleede kënnen".

D'Experten hunn ausgerechent, dass zanter Joresufank bis den 12. August EU-wäit scho ronn 55.000 Hektar Vegetatioun ofgebrannt sinn. Dat wier zweeanenhalleft Mol sou héich am Verglach mam Duerchschnëtt aus de leschten 20 Joer an dësem Zäitraum. Och an Däitschland an an der Belsch koum et dëst Joer zu schroe Bëschbränn.

"D'Bränn a Frankräich, Spuenien a Griicheland weisen, wéi séier gliddeg, dréchen a lëfteg Wiederkonditiounen d'Pompjeeën an hir Ressourcen un hir Grenze brénge kënnen", erkläert d'PIK-Fuerscherin Kirsten Thonicke. "Mam Klimawandel kéinten d'Konditiounen esou extreem ginn, dass mir un dës Grenze stoussen, wat nach machbar ass, fir Bränn ze verhënneren an ze bekämpfen, soubal dës Bränn eng bestëmmte Gréisst erreechen." Fir d'Fuerscherin ass et absolut noutwenneg, Emissiounen ze reduzéieren a gläichzäiteg de lokale Brandmanagement ze stäerken.

Liest och nach:

Back to Top
CIM LOGO