Wann et ëm d'Sue geet, ass et eng schwéier Diskussioun an nach eng vill méi schwéier Decisioun. Den Rotspresident Antonio Costa wëll bis Enn vum Joer e pluriannuelle Budget fir d'Europäesch Unioun stoen hunn, fir gemeinsam Projeten, wéi an der Landwirtschaft, an der Defense oder beim Katastropheschutz ze finanzéieren. Zwou Billiounen Euro, also 2.000 Milliarden Euro, soll dëse Budget schwéier ginn.
Däitschland awer, wat ee Fënneftel vum netto EU-Budget stemmt an domadder am meeschten abezilt, fuerdert Kierzunge vun dësem Budget. "Dat ka sech kee Memberland, dat an der EU ass, leeschten, an dësem Ëmfang Bäiträg an d'Europäesch Unioun ze bezuelen." Déi aktuell Propos läit 50 Prozent iwwer deem, wat een aktuell mëttelfristeg finanzéiert, esou de Friedrich Merz, dee sech schonn am Virfeld "schwierege Verhandlungen" erwaart huet. Och Holland wëll en däitlech méi niddrege Budget, wéi datt d'Kommissioun von der Leyen fuerdert.
De Luc Frieden gesäit d'Positioun vum Grand-Duché e bëssen an der Mëtt tëscht deene wirtschaftlech manner staarke Länner, déi e groussen EU-Budget brauchen, an den ekonomesch groussen Natiounen, déi méi knéckeg sinn a vill abezuelen. D'Lëtzebuerger Regierung ass ugetrueden, fir d'Steieren ze senken, esou de Premier. "Also kënne mer net d'Kierperschaftssteier zu Lëtzebuerg senken [...] an da gi mer an Europa eng nei Kierperschaftssteier maachen. Dat ass eppes, wat net klappt an dat wäert ech och hei am Numm vu Lëtzebuerg menge Kolleege soen."
Obwuel ee bis ewell gutt Gespréicher hat, rechent de Luc Frieden net domadder, datt ee mam Bléck op de pluriannuelle Budget dësen Donneschdeg vill Fortschrëtter wäert maachen. "Et geet ëm ganz vill Suen", esou de Lëtzebuerger Premier, deen awer och präziséiert, datt et bal nach méi wichteg ass, datt ee weess, wat ee mat de Sue mécht a wou se hierkommen.
Wat domadder gemaach gëtt, dat ass deels gewosst. Do ginn et déi typesch EU-Investissementer an d'Kohäsiounspolitik - fir déi Länner, déi manner entwéckelt sinn - oder an d'Agrarpolitik. Da gëtt et awer och nach den Investissement an e modernt Europa, "en Europa, wat konkurrenzfäeg ass par Rapport zu Amerika a China. Da brauche mer Innovatioun, Recherche, Weltall, Satellitten, erneierbar Energien, Internetconnectioun vun der Energie innerhalb vun Europa, Zuchverbindungen." Weider nennt de Luc Frieden nach d'Sécherheet an de verschiddenste Formen, "Baussegrenzsécherheet, Sécherheet géintiwwer Aggressiounen, déi kënne kommen."
Wann et drëm geet, wou d'Suen hierkomme sollen, esou ass de Luc Frieden der Meenung, datt een net "dauernd nei Steieren bäisetzt." D'Regierung kann net zu Lëtzebuerg d'Steieren erofsetzen an dann op Bréissel kommen an d'Stieren erëm eropsetzen. "An et ass deen Equiliber, deen een och fanne muss", gëtt de Lëtzebuerger Premier ze bedenken. "Jo, mir brauchen en ambitiéise Budget, mee mir kënnen net egal wéi d'Suen ausginn. A virun allem, wëlle mer d'Leit an d'Betriber net méi belaaschten, well soss erreeche mer aner Ziler net."
Och fir den Ausbau vun erneierbaren Energien a fir eng besser Interconnectivitéit wëll sech de Premier staark maachen, fir der Suerg vun der Energieversuergung an den Energiepräisser entgéintzewierken.
Dobäi geet et generell ëm d'Energie an Europa an déi deelt de Luc Frieden an dräi Dimensiounen op: De Präis, wichteg fir d'Leit an d'Betriber. D'Sécherheet, also wou mer d'Energie hierkréien a wéi ofhängeg mir eis maachen. An natierlech d'Klimadimensioun. "Da muss een déi dräi Dimensioun, souwuel an Europa wéi zu Lëtzebuerg, beineebréngen", esou de Premier.
Fir Lëtzebuerg an Europa gëllt dat selwecht, datt een ebe méi Eegeproduktioun brauch. Bei den erneierbaren Energie ass een do gutt virukomm, esou de Luc Frieden weider, "mä mir bleiwen weiderhi ofhängeg a verschiddene Sourcë vun Energien aus dem Ausland." Bei de Gespréicher zu Bréissel geet et haaptsächlech awer drëm, datt Europa genuch Energie huet, "méi eegen Energie huet an och seng Sourcë vun Energie diversifiéiert". Dat heescht da méi erneierbar Energien an awer och, datt ee se net nëmmen op enger oder zwou Plazen akeeft, wann een noutwenneg Energie importéiert.
Och fir Lëtzebuerg gëllen déi dräi Dimensiounen. Dem Luc Frieden ass et an dëser Diskussioun awer och wichteg, datt d'Land d'Klimaziler net verfeelt, well zu wat soss nach weider féiere kéint "hu mer och dëse Summer gesinn". Et gëtt e Plang, fir d'Klimaziler z'erreechen. "Dat ass jo net iergend en theoreetesche Plang, mee et ass extreem wichteg, datt mer eis Ëmwelt och schützen." Dofir wëll ee mat de Sozialpartner och iwwer déi dräi Dimensiounen diskutéieren, wann et drëm geet, déi Reduktioun vu 5 Cent op d'Spritpräisser ze verlängeren, déi Enn vum Joer ausleeft. "Ech erënneren drun, datt mer och Steierlech Moossname gemaach hunn, fir datt d' Leit méi netto vum Brutto hunn", gëtt de Premier awer nach ze bedenken.