Nodeems d'CDU aus dem Landtag vu Mecklenburg-Vorpommern geflunn ass, huet de Spëtzekandidat Daniel Peters säi Récktrëtt vum Virsëtz vun der Landespartei annoncéiert. Hie géing domat perséinlech Konsequenzen "aus der staarker Néierlag" zéien, sot de 45 Joer ale Politiker e Méindeg no enger Sëtzung vum CDU-Landesvorsëtz. D'SPD vun der Ministerpresidentin Manuela Schwesig huet iwwerdeem Sonndéierunge fir d'Bildung vun enger neier Landesregierung mat de Lénken an de Gréngen ugekënnegt.
D'CDU a Mecklenburg-Vorpommern soll elo bis zu engem Landesparteidag Ufank nächst Joer de Staatsminister fir d'Bund-Länner-Kooperatioun am Bundeskanzleramt, de Philipp Amthor, kommissaresch leeden. Och d'CDU-Generalsekretärin Katy Hoffmeister huet am Landesvirstand hire Récktrëtt erkläert. Virdrun hat sech schonn d'CDU-Politikerin Ann Christin von Allwörden zréckgezunn. Den 33 Joer alen Amthor ass och Vizeparteichef a war bis Mee 2025 CDU-Generalsekretär a Mecklenburg-Vorpommern.
Bei der Wal e Sonndeg ass d'CDU mat engem Resultat vu 4,9 Prozent vun de Stëmmen aus dem Landtag geflunn. Et war dat schlechtst Resultat vun der CDU bei alle Landeswalen zanter 1949. Als Gewënner vun der Wal goung d'AfD ervir, mat geréngem Ofstand kënnt d'SPD. Soss koumen nëmmen déi Lénk an déi Gréng an de Landtag. Rout-Rout-Gréng huet do zesummen eng Majoritéit vun de Sëtz. Déi bis ewell rout-rout Koalitioun ënnert der Manuela Schwesig huet ouni déi Gréng awer keng Majoritéit méi.
D'SPD huet Sondéierunge mat béide Parteien ugekënnegt. De Landesvirstand hätt eestëmmeg decidéiert, esou Gespréicher opzehuelen, huet si e Méindeg zu Schwerin matgedeelt. Zil wier, "déi inhaltlech Basis fir eng méiglech zukünfteg Zesummenaarbecht" auszeschaffen. Den SPD-Landesvirstand wäert dono iwwer d'Resultater beroden an iwwer d'Opnam vu Koalitiounsgespréicher decidéieren. "Gespréicher mat der AfD sinn ausgeschloss", huet d'SPD betount. D'AfD huet schonn de Gang an d'Oppositioun ugekënnegt.