
E Geriicht a Syrien huet de Cousin vum gestierzten Diktator Baschar al-Assaf zum Doud verurteelt. De Wassim al-Assaf ass en Dënschdeg an der Haaptstad Damaskus wéinst Krichsverbrieche schëlleg gesprach ginn. Dem Riichter no wier den Ugeklote wéinst virsätzlechem Mord vun enger Rei Leit a Verbindung mat "Folter a Brutalitéit" verurteelt ginn. Seng Dote wiere Verbrieche géint d'Mënschlechkeet a Krichsverbriechen, sou de Verdikt.
De laangjärege Staatschef Baschar al-Assad war d'lescht Woch en absence zum Doud verurteelt ginn. Och him gi wärend dem syresche Biergerkrich Verbrieche géint d'Mënschlechkeet a Krichsverbrieche reprochéiert. Wärend dem bal 14 Joer laange Konflikt war méi wéi eng hallef Millioun Leit ëm d'Liewe komm. Enn 2024 hate Kämpfer ënnert der Féierung vun der islamistescher HTS-Miliz den Diktator gestierzt, deen duerno a Russland an den Exil geflücht war.
D'Iwwergangsregierung zu Damaskus hat duerno ugekënnegt, Responsabeler fir Verbriechen ënnert der Assad-Herrschaft zur Rechenschaft ze zéien. De Prozess géint de Wassim al-Assad hat am Juni ugefaangen.