Andréck vun der PlazD'Schwäiz trauert ëm d'Affer vun der Brandkatastroph zu Crans-Montana

RTL Lëtzebuerg
Gutt eng Woch no der Brandkatastroph an enger Bar zu Crans-Montana gouf um nationalen Trauerdag an der Schwäiz den Affer geduecht.
D'Schwäiz trauert e Freideg ëm d'Affer vun der Brandkatastroph zu Crans-Montana
Gutt eng Woch no der Brandkatastroph an enger Bar zu Crans-Montana gouf um nationalen Trauerdag an der Schwäiz den Affer geduecht.

An der Schwäiz war e Freideg nationalen Trauerdag fir de 40 Doudesaffer an den iwwer 100 Blesséierte vun der Brandkatastroph vu Crans-Montana ze gedenken. Um 14 Auer hunn am ganze Land d’Kiercheklacke gelaut a gläichzäiteg gouf et eng Gedenkminutt.

Fir d’Zeremonie zu Martigny hate sech méi wéi 1.000 Leit afonnt.

D'Schwäiz trauert e Freideg ëm d'Affer vun der Brandkatastroph zu Crans-Montana
Gutt eng Woch no der Brandkatastroph an enger Bar zu Crans-Montana gouf um nationalen Trauerdag an der Schwäiz den Affer geduecht.

An der Silvesternuecht war an enger Bar zu Crans-Montana e Feier ausgebrach, dat sech immens séier ausgebreet hat an zu enger déidlecher Fal fir 40 Leit gi war. Vill Jugendlecher sinn ëmkomm, dat jéngst Doudesaffer war grad emol 14 Joer al. 116 Persoune goufen deels liewensgeféierlech blesséiert.

Zu Martigny bei Crans gouf et eng zentral Gedenkfeier. Nieft den Hannerbliwwene waren och vill Invitéen aus Länner present, aus deenen et och Blesséierter gouf. Den italieenesche President Mattarella war do, de franséische President Macron a fir Lëtzebuerg de fréiere Grand-Duc Henri.

Déi groussherzoglech Famill huet zanter laange Joren e Chalet am Schigebitt. De Grand-Duc Henri ass op d’Plaz gereest, fir och de Pompjeeë Merci ze soen. Ënnert deene Pompjeeën, déi beim Feier am Asaz waren, ass och e Mann, deen déi Schwäiz-Lëtzebuerger Nationalitéit huet.

De Grand-Duc Henri war bei der Trauerfeier zu Crans-Montana mat dobäi.
De Grand-Duc Henri déif beréiert bei der Trauerfeier fir d’Affer vun der Brandkatastroph.
© Screenshot SRF-Livestream
De Grand-Duc Henri ass fir d'Trauerfeier an d'Schwäiz gereest
Déi groussherzoglech Famill huet zanter laange Joren e Chalet am Schigebitt.

E jonke Lëtzebuerger war jo och bei der Brandkatastrof blesséiert ginn. Him geet et den Ëmstänn no gutt, huet eis säi Papp confirméiert. Hien huet liicht Verbrennungen a liicht “Schürfwonnen”.

Wann ee kuckt, wéi et sengen direkte Kolleegen ergaangen ass, hat de Lëtzebuerger wierklech Chance, fir villäicht besser placéiert gewiescht ze ginn. Hien hätt och scho seng Kolleege besicht, een zu Paräis am Spidol an de Futtballspiller zu Metz an der Klinik – dat huet de Papp confirméiert.

Gerant vun der Bar e Freideg verhaft

Um Freideg goufen dann och eng éischte Kéier déi zwee franséisch Bedreiwer vun der Bar, an där et zum déidlechen Tëschefall komm ass, gehéiert. Géint d’Koppel gëtt wéinst homicide a blessures involontaires ermëttelt, an och wéinst “fahrlässeger Brandstëftung”.

De Gerant vum Bar gouf duerno verhaft, seng Fra konnt nees heemgoen. Si wéilt sech “entschëllegen”, sou d’Ausso zu Sion.

De Gerant vun der Bar an där et zur déidlecher Katastroph koum gouf e Freideg verhaft.
© AFP

En Dënschdeg hat d’Koppel nach verséchert, si géife komplett mat den Enquêteuren zesumme schaffen.

D’Feier soll am Keller vun der Bar duerch Freedefeier-Fontänen ausgeléist gi sinn, déi a Schampesfläsche gestach gi waren an déi ze no un de Plaffong gehale goufen. D’Gemeng Crans-Montana huet och zouginn, datt am Bar zanter 2019 keng Brandschutzkontrolle méi gemaach gi waren.

Back to Top
CIM LOGO