Nom déidleche Feier an enger Bar zu Crans Montana am Schwäizer Wallis schwiewe vill Schwéierblesséierter nach a Liewensgefor. 40 Mënsche si beim Brand am “Le Constellation” ëm d’Liewe komm, ronn 115 goufe blesséiert, déi meescht schwéier. Ënnert de Blesséierten ass och ee jonke Lëtzebuerger, wéi d’Lëtzebuerger an och d’Schwäizer Autoritéiten e Freideg am Nomëtteg confirméiert hunn. Nämlech den U21-Futtball-Nationalspiller Eliot Thelen. Hie gouf liicht blesséiert a konnt d’Spidol en Donneschdeg de Mëtteg verloossen.
Wéi vill aner Jonker war och den Eliot an der Silvesternuecht mat véier Kolleegen an der Bar, fir op dat neit Joer unzestoussen. Wéi ëm 1.30 Auer e Feier am Keller vum Etablissement ausgebrach ass, war hien um Rez-de-chaussée. Net wäit vun der Sortie:
“An op eemol ass all Mënsch eropgelaf an ech hunn näischt verstanen. Well et war net, wéi wa lo Panik wier. Et ass einfach d’Leit sinn eropgelaf an ech hu gemengt, ‘ok si gi lo einfach eraus’. An dann op eemol dréinen ech mech ëm an ech kréie Feier an d’Gesiicht.”
Wéinst der Wucht vun de Flame wär hien op de Buedem gefall.
“Ech louch dann do an der Dier. Ech mengen et waren zwee, dräi Leit op mir an ech konnt am Fong net erauskommen. Et heescht meng Féiss waren ageklemmt. Ech hu mer wärend dräi, véier Sekonne gesot, ‘jo bon, lo ass alles fäerdeg’. Well et war Feier iwwert mir. Ech krut keng Loft méi. Ech hu meng Loft agehalen.”
Fir den Eliot ass et nach eng Kéier gutt ausgaangen. Ausser liichte Verbrennungen un der Hand an um Bauch huet hien näischt. D’Biller vun deem Owend wäert de jonke Futtballspiller awer sou séier net vergiessen. Am Schlëmmste wieren déi Stonnen nom Ongléck gewiescht, seet hien.
“Well dat war eng Horrorzeen. Dat war ee richtege Cauchemar e bëssen. An herno hunn ech meng Kolleegen direkt gesicht. Déi hunn ech dunn zimmlech schnell fonnt, mee déi waren en souffrance ewéi nach ni.”
Zwee vu senge Kolleege sinn nach mat schwéiere Verbrennungen am Spidol. Dorënner och de franséische Futtballspiller Tahirys Dos Santos, mat deem hien zu Metz Futtball gespillt huet. Den Eliot war iwwerdeems net deen eenzege Lëtzebuerger, dee Silvester am beléifte Schwäizer Schigebitt verbruecht huet. Och den Tim Asselborn war mat engem Grupp vu sechs Kolleegen zu Crans Montana. Si waren deen Owend net am “Le Constellation”, sinn awer eng hallef Stonn nom Brand laanscht d’Onglécksplaz gefuer, ouni ze wëssen, wat dee Moment grad geschitt war.
“Iwwerall stoungen Ambulanzen, Pompjeeën. Mir stounge mam Auto genee am Rond-point, fir eranzekucken. Et war ee rise Chaos. D’Leit sinn och laanscht d’Autoe gelaf. Mir sinn och net méi viru komm. Mir hunn eigentlech geduecht, et wier eng gréisser Kläpperei. Et huet och esou ausgesinn.”
Eréischt den Dag drop moies hätte si realiséiert, wat wierklech geschitt wier.
