
D'Iessen ass duerch den Hackerugrëff schlecht ginn an huet misse fortgeheit ginn, wat och d'Suergen ëm Liewensmëttelsécherheet klamme léisst.
Betraff waren ënnert anerem Supermarchéë wéi E. Leclerc, Intermarché a Cooperative U. Si hunn der AFP géigeniwwer d'Ugrëff confirméiert, déi de CEO hu Cooperative U als "nach ni dogewiescht" beschriwwen huet.
De Christophe Hansen, Kommissär fir Landwirtschaft an Ernierung vun der Europäescher Kommissioun, huet d'Attack op X verurteelt an drop higewisen, datt "Liewensmëttelsécherheet méi Opmierksamkeet op allen Niveauen" géif verlaangen. Esou eng "Exploitatioun vun Iessen" wier elo "eng Realitéit", esou de Lëtzebuerger.
Op d'mannst 300 Supermarchéë vun Intermarché a senger Netto-Mark waren an d'Viséier geroden, genee wéi 100 Cooperative U Butteker an eng Rei E. Leclerc Geschäfter, wéi d'AFP vun de Chaînë separat confirméiert krut.
De Parquet vu Paräis huet d'Attack och confirméiert an dorobber higedeit, datt se och Feieren ausgeléist hätt. BFM TV no wier et den Hacker gelongen, "aus der Distanz d'Opdeeë vu Gefréier-Systemer an enge sëllege Butteker" auszeléisen.
Déi betraffe Supermarchéë wäerten all hir frësch a gefruer Produkter forgeheie mussen, sot Intermarché der AFP géigeniwwer. Der Secteurswebsäit jebosseengrandedistribution.fr no wieren och Carrefour Market a Monoprix betraff gewiescht, ma hei gouf et nach keng Confirmatioun vun de Chaînë selwer.
Eng anonym Source sot der AFP géigeniwwer, Frigo-Systemer vum dänesche Produzent Danfoss wieren am Viséier gewiescht. Danfloss sot der AFP géigeniwwer, déi betraffe Frigoe wieren eeler Produite gewiescht, déi keng "Software- oder Security Updates" méi kréien.
Den Tëschefall kënnt virum Hannergrond vu wuessende Suergen iwwert de potentielle Schued deen an Europa duerch béisaarteg Hackerattacke kéint ausgeléist ginn. De President Emmanuel Macron hat leschte Mount Mesüren annoncéiert, fir déi franséisch Infrastruktur viru potentielle russeschen Hybrid-Attacken ze schützen.