EU-SpezialsommetD‘Emanzipatioun vum grousse Brudder

Pierre Jans
De Sträit tëscht den Europäer an den USA ass nom Donald Trump senge Revirementer gestoppt. Ma déi lescht Woch mat neie Menacen aus dem Wäissen Haus huet Spueren hannerlooss.
De Luc Frieden zu Bréissel um EU-Sommet
© SIP / Frédéric Sierakowski

D‘EU-Staats- a Regierungscheffen haten en Donneschdeg op engem informellen Urgence-Sommet zu Bréissel intensiv Diskussiounen iwwer d‘Strategie, wéi an Zukunft mat den USA ëmzegoen ass. Eent schéngt kloer, esou wéi bis elo, kann et net weider goen.

D‘Emanzipatioun vum grousse Brudder

Déi lescht Woch war besonnesch turbulent, den Donald Trump war extra rabiat an dann nees kollegial, an dann nees rabiat. Et ass keng Ausnam, et ass e strukturelle Wandel an der Politik do iwwer an den USA. Si bleiwen e Frënd, seet de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden.

„Fir déi Meescht vun eis ass et awer ganz kloer, dass mir eis Prinzippien net dierfen opginn. Dat gëllt och fir d‘Manéier an de Stil ewéi tëscht de Staaten, och mat Amerika, geschwat gëtt. Deen Echange hei war ganz sënnvoll. Mir hunn den Dänen an de Leit op Grönland eis voll Solidaritéit ausgeschwat. Domat weise mir och deenen an den USA, déi Grönland einfach wëllen iwwerhuelen, dass dat net geet. De Message ass awer och, dass mir fir eis Prinzippien astinn.“

Europa muss sech emanzipéieren, ass de Message. Et kascht an et brauch Zäit fir bei Ekonomie, Energie a Sécherheet méi onofhängeg ze ginn.

„Dat heescht net, dass Europa soll eng Mauer ronderëm bauen. Mir sinn elo konfrontéiert mat enger ganz anerer Politik ewéi fréier. Russland, China an d‘USA hunn Dreem vu Muecht. Mir mussen och Pouvoir hunn. Net géint anerer. Mä fir eis Leit. Wuelstand fir d‘Europäer.“

De Premier Luc Frieden um EU-Spezialsommet zu Bréissel den 22. Januar 2026.
De Premier Luc Frieden um EU-Spezialsommet zu Bréissel den 22. Januar 2026.
© RTL

Dem Luc Frieden no wär et och clever nei Handelsaccorden ëmzesetzen. Iwwer dee mat de südamerikanesche Staaten – Mercosur – hunn d‘Staats- a Regierungscheffen haut net diskutéiert.

„Nee, doriwwer gouf net geschwat. Nee.“

Dofir waren d‘Diskussiounen iwwer déi strategesch Ausriichtung vun der EU da wuel awer ze wichteg. De Lëtzebuerger Premier sot iwwerdeems, dass déi meescht vu senge Kolleegen am Conseil net der Meenung wären, dass dem Trump säi Friddensgrupp „Board of Peace“ sënnvoll ass, och wann e Fridden a Gaza natierlech wënschenswäert wär.

Liest hei méi iwwert de Spezial-Sommet zu Bréissel:

Back to Top
CIM LOGO