
Den Iran wëll verhandelen an eng Reunioun mam iranesche Regime wier am gaangen organiséiert ze ginn. Dat huet den US-President Trump elo annoncéiert. Washington hat jo scho mat enger militärescher Interventioun gedreet. Op d’mannst eng 190 Manifestante koume scho bei de massive Protester géint d’iranesch Regierung an de Mullah-Regime ëm d’Liewen. De Fils vum fréiere Schah vum Iran, huet iwwerdeems u Police an Arméi appelléiert, sech dem Vollek unzeschléissen.