En Tornado huet e Méindeg den Owend fir massive Schued an engem Duerf am Departement Aude gesuergt, virun allem an der Gemeng Pomas. Haiser goufe beschiedegt an 2.800 Stéit haten zäitweis kee Stroum. Op d'mannst 41 Persoune goufe blesséiert, ënnert hinnen och eng schwanger Fra. Hiert Haus war iwwert hinnen an de Koup gefall, wéi hire Mann géintiwwer der Noriichtenagence AFP erzielt huet.
Déi drëtt Etapp vun der Vuelta a España, déi am Departement Aude sollt gefuer ginn, huet wéinst Knëppelsteng missen ofgebrach ginn.
Stierm a ganz Frankräich hunn e Méindeg den Owend fir Chaos gesuergt. Zich hate Retard, Stroosse goufe gespaart an och de Fluchverkéier war perturbéiert, ënner anerem zu Nice, Bordeaux a Marseille. Am Nopeschland kënnt et am Duerchschnëtt zu e puer Dosen Tornadoen d'Joer.