
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj gesäit an den neie russesche Rakéitenattacken op säi Land e Beweis dofir, datt de Kreml seng Positioun zum Krich net geännert huet. Dem Selenskyj no goufe bei Attacken en Donneschdeg zwee Mënschen ëmbruecht. D'Attacken hunn no de Gespréicher tëscht dem US-Beoptraagte Steve Witkoff an dem Kreml-Chef Wladimir Putin ugefaangen. Den US-President hat sech no dëse Gespréicher zouversiichtlech gewisen, datt de Krich an der Ukrain gläich op en Enn kéint kommen. Den Drock am eegene Land esou kuerz virun de wichtege Midterm-Wale wiisst aktuell op den Donald Trump.
"Bal direkt no enger neier Gespréichsronn" tëscht dem US-Diplomat Witkoff an dem russesche President Putin zu St. Petersburg "huet Russland eng geziilt Attack lancéiert. Dat bedeit, datt et keng wierklech Verännerung a senger Haltung géintiwwer all dem, wat geschitt, ginn huet," esou de Selenskyj op Telegram.
Russland huet eng Dosen ukrainesch Regiounen an der Nuecht ugegraff, esou de Selenskyj weider, dorënner och d'Haaptstad Kiew. Den ukrainesche President huet an deem Kader d'Ausso vum Witkoff, deen de Putin als "Mënschefrënd" bezeechent hat, well dësen den US-Bierger Stephen Hubbard fräigelooss huet, e bëssen an d'Lächerlecht gezunn.
Den US-President Trump hat sech nach virum Meeting vum Witkoff an dem Putin zouversiichtlech gewisen, datt den Ukrain-Krich gläich op en Enn géif kommen. De Witkoff hat sech e Mëttwoch den Owend zu St. Petersburg mam Putin getraff, nodeem hie virdrun e Meeting mam Selenskyj zu Oslo hat. Den eegenen Aussoen no huet hien dem Putin "Iddie" mat op de Wee ginn, fir de Krich, deen iwwer véier an en halleft Joer geet, op en Enn ze bréngen.
Moskau huet sech dono bereet gewisen, nees mat Kiew a Washington ze verhandelen. D'Léisung, déi de Witkoff matbruecht huet an déi sech op d'Propose vun Europa an der Ukrain baséieren, huet de Kreml awer als "kritesch" bewäert.
Beim Gespréich tëscht dem Witkoff an dem Selenskyj hat den ukrainesche President e méiglecht Afréiere vun der Frontlinn als en éischte Schratt fir eng potentiell Wafferou bezeechent. Moskau huet dës Optioun awer bis ewell ausgeschloss a wëll en Ofkommes tëscht béide Länner stoen hunn, éier d'Kämpf ophalen. Moskau fuerdert jo, datt sech déi ukrainesch Arméi aus de Gebitter an der Regioun Donezk, déi d'Ukrain nach kontrolléiert, zeréckzitt. Dat awer ass fir Kiew net akzeptabel.
D'Treffen zu St. Petersburg an Oslo goufe mam Hannergrond vun der ugespaanter Relatioun tëscht Washington an der Ukrain organiséiert. D'Ukrain wërft den USA jo vir, sech vum Land, dat ugegraff gouf, ofzegrenzen a sech op d'Säit vu Moskau ze stellen. Den Trump hat jo Ufank Oktober en Deal iwwer Liwwerunge vu russeschem Diesel fir den amerikanesche Maart ëffentlech gemaach. Dofir goufen US-Sanktioune géint Russland manner streng.
D'Ofkommes stéisst an der Ukrain a bei hiren aneren Alliéierten op schaarf Kritik. Den Deal gëtt als Versuch ugesinn, déi duerch den Iran-Krich héich Pëtrolspräisser an den USA virun de Kongresswalen den 3. November erofzekréien. Den US-President Trump a seng Republikaner sti wéinst den héije Pëtrolspräisser aktuell am eegene Land massiv ënner Drock.
Net nëmmen international, esouwuel vun der Ukrain, wéi och vun den NATO-Alliéierten an der Europäescher Unioun, gëtt dëst Virgoe vum Donald Trump kritiséiert an als negativ ugesinn.
Do huet d'Ausso vum Steve Witkoff, dee bei de Gespréicher mam russesche President dësen als "Mënschefrënd" bezeechent huet, net gehollef: "Dir schwätzt esou vill iwwer mäi President, datt de President Trump e Mënschefrënd ass. Dir, Monsieur, sidd och e Mënschefrënd. An dat begréissen ech". De Senator Thom Tillis, selwer Republikaner an e groussen Trump-Kritiker, huet dëst net onkommentéiert gelooss. "WTF Steve? Kuck der emol d'Definitioun vu 'Mënschefrënd' un", huet hien op X geschriwwen.
D'Angscht, datt den US-President d'Ukrain fir verschidden Attacken op Russland wäert bestrofen, geet och ëm. Hien huet d'Ukrain jo schonn ëffentlech fir déi héich Pëtrolspräisser responsabel gemaach, well d'Ukrain russesch Raffinerien ugräift. Dem Trump säi Krich am Iran, deen den Ursprong fir d'Präishausse un der Zapsail ass, erwäänt de republikanesche President dobäi awer ni.
Kuerz drop krut Kiew jo och manner Informatiounen iwwer méiglech russesch Loftattacken an och dem Elon Musk säi Starlink-System, deen d'Land fir hir Kommunikatioun notzt, huet net méi esou séier geschafft, wéi virdrun. "Heiansdo stellen ech mer d'Fro, ob d'Leit an den USA verstinn, wierklech verstinn, datt Kiew ëm seng Existenz an dësem Krich géint Russland kämpft", seet den Gian Gentile, e pensionéierte Colonel vun der US-Arméi a fréieren Direkter vum Geschichtsprogramm vun der Arméi. Datt den Donald Trump mat sengen Decisiounen esouguer der Ukrain schued, seet och de fréiere Colonel vun der US-Marinn Mark Cancian.
Ma och vill ageschriwwe Republikaner gesinn d'Handlunge vum US-President grad negativ. Si fäerten, datt déi héich Pëtrolspräisser, déi duerch den Iran-Krich extrem geklomme sinn, sech negativ op d'Midterms wäerten auswierken a vill US-Amerikaner dowéinst d'Kräiz bei den demokratesche Vertrieder maachen. E schlecht Resultat vun de Republikaner bei de Walen den 3. November hätt dann och negativ Auswierkungen op den Donald Trump, deen dann nach méi ënner Drock wäert stoen. Aus dem Wäissen Haus heescht et, datt een Ëmfroen no, déi ee selwer duerchgefouert huet, eng Chance gesäit, datt d'Republikaner d'Midterms nach gewanne kënnen. Sollt dat net de Fall sinn, ass een am Wäissen Haus awer prett, fir ze kämpfen.
Et ass aktuell dovunner auszegoen, datt d'Demokraten, sollte si d'Majoritéit am Kongress kréien, den Trump an d'Viséier wäerten huelen an direkt e puer Enquêtë géint de President wäerten an d'Weeër leeden. Den Trump selwer huet esouguer gewarnt, dat d'Demokraten e Verfaren ustriewen, fir hie vum Presidenteposten ofzesetzen.
Sollten d'Demokraten an de Midterms als klore Gewënner ervirgoen, ka sech den Trump a senge leschten zwee Joer vu senger zweeter Amtszäit op schwéier Zäiten astellen.