
Nigeria huet säin éischten Ebola-Fall zanter 2014 confirméiert. Betraff ass eng Fra, déi aus Uganda an déi nigerianesch Haaptstad Abuja gereest war. D'Regierung huet d'Infektioun offiziell confirméiert.
D'Gesondheetsautoritéiten hunn direkt mat der Sich no méigleche Kontaktpersounen ugefaangen. Bis elo goufe 44 enk Kontakter identifizéiert. Dorënner kéinte Gesondheetspersonal, aner Patienten, Fleegepersounen a Matreesender sinn.
Zanter dem Ausbroch vun der Ebola-Epidemie am Mee an der Demokratescher Republik Kongo huet sech de Virus op eng Rei afrikanesch Länner ausgebreet. Nieft Uganda an Nigeria ass och Kenia betraff, wou de Gesondheetsministère en Dënschdeg den néngte Fall confirméiert huet.
An der Demokratescher Republik Kongo ass d'Epidemie mëttlerweil déi déidlechst an der Geschicht vum Land. Offiziellen Donnéeë no sinn do méi wéi 9.000 Infektioune confirméiert ginn. 4.381 Mënsche sinn un der Krankheet gestuerwen.
De Generaldirekter vum afrikaneschen Zentrum fir d'Lutte géint Krankheeten (Africa CDC) Jean Kaseya schwätzt vun enger aussergewéinlech bedreelecher Situatioun. Et wier bis elo dee geografesch wäitreechendsten Ebola-Ausbroch, dee verschidde Länner an dräi Regioune vum afrikanesche Kontinent betrëfft.
D'Epidemie huet sech vun Zentralafrika bis an den Osten an de Weste vum Kontinent ausgebreet.
D'USA hunn hir Bierger en Dënschdeg viru Reesen a Kenia gewarnt. Als Grond goufe gesondheetlech Risike genannt.