UNO-Vollversammlung zu New YorkEn Dënschdeg wäert de Grand-Duc Guillaume eng Ried an der Plenière halen

Joel Detaille
De Grand-Duc gesäit zu New York och den UNO-Generalsekretär Guterres fir Gespréicher.
D'UNO-Vollversammlung zu New York
D'UNO-Vollversammlung zu New York
© MICHAEL KAPPELER/dpa Picture-Alliance via AFP

Dës Woch ass UNO-Vollerversammlung zu New York. De Grand-Duc Guillaume reest um Méindeg zesumme mam Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel dohin. En Dënschdeg wäert eise Staatschef dann an der Plenière eng Ried halen. Et soll drëms goen, fir d'Positiounen an d'Prioritéiten zu den internationalen Defie vum Grand-Duché ze erklären, heescht et vum Haff.

De Grand-Duc gesäit zu New York och den UNO-Generalsekretär Guterres fir Gespréicher, genee wéi och Lëtzebuerger déi an den USA wunnen.

Am Virfeld vun der UNO-Debatt gesi sech zu New York e Méindeg den Owend den US-President Trump an de franséische President Macron. Eng Renconter, déi nawell riskéiert ugespaant ze ginn. D'Relatioun tëscht den USA a Frankräich ass aktuell net déi allerbescht. De Macron huet sech e Sonndeg och mam kanadesche Premier Carney gesinn.

Back to Top
CIM LOGO