
D’nächst Woch ass déi 81. UNO-Vollversammlung zu New York. De Grand-Duc Guillaume wäert dohi reesen an en Dënschdeg och eng Ried halen. Dat huet de groussherzoglechen Haff confirméiert.
An der Ried wäert et drëms goen, fir d’Positiounen an d’Prioritéiten zu den internationalen Defie vum Grand-Duché z'erklären, heescht et. Mat op New York wäert och de Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel reesen.
De Grand-Duc gesäit zu New York och den UNO-Generalsekretär Guterres fir Gespréicher, genee wéi och Lëtzebuerger, déi an den USA wunnen. Ausserdeem wäert de Groussherzog op New York reesen, fir um Ground Zero e Kranz néier ze leeën, fir den Affer vun den Terroruschléi vu viru 25 Joer ze gedenken.