
E jonkt Meedchen ass bei enger Messerpickerei an enger Schoul zu Istanbul ëmbruecht ginn. D'Schülerin ass am Spidol un senge Blessure gestuerwen, sou den Educatiounsminister Yusuf Tekin en Dënschdeg. Siwe weider blesséiert Meedercher wiere weiderhin am Spidol. Dat huet den Inneministère vun der Tierkei op X erkläert.
Fir den Ugrëff am fréie Mëtteg an enger Schoul am Quartier Basaksehir zu Istanbul soll e 15 Joer alt Meedche responsabel sinn. Hatt geet an d'10. Schouljoer an enger anerer Schoul an ass festgeholl ginn. De Gouverneur vun Istanbul, den Davut Gül, sot, datt déi presuméiert Täterin am selwechte Quartier wunnt. "Hatt ass a senger Schouluniform op de Schoul-Terrain komm an huet willkürlech op d'Schoulkanner agestach", sou den Davut Gül.
An de leschte Méint ass zu enger Rei Tëschefäll mat Gewalt a Schoulen an der Tierkei komm. Am September huet e Jugendleche virun enger Schoul bei Izmir am Weste vun der Tierkei ëm sech geschoss an huet dobäi 11 Schüler blesséiert. Am Abrëll gouf et zwee Ugrëff mat Schosswaffen duerch Jugendlecher am Süde vun der Tierkei.