
De kanadesche Premierminister Mark Carney hat e Sonndeg keng Weider Aussoen zum méiglechen Ausléiser gemaach. De Generolmajouer Wade Rutland sot, hie géing mat wochelaangen Ermëttlunge rechnen. Den Autoritéiten no ware fir d'lescht vun den insgesamt 39 Blesséierten 19 an engem "kriteschen Zoustand".
De Mark Carne huet de Brand um Stëtzpunkt Wainwright an der westlecher Provënz Alberta als "eng vun de schlëmmsten Tragedië" fir d'Arméi op kanadeschem Territoire a Friddenszäite bezeechent.
Dem kanadesche Verdeedegungsministère no war d'Feier e Samschdeg géint 16 Auer Lokalzäit am Übungsberäich vum Stëtzpunkt ausgebrach. Dem Wade Rutland no waren Zaldote wärend engem Exercice dobausse vun de Flamen iwwerrascht ginn. D'Feier hätt sech iwwert de Site ausgebreet, ier et an Zesummenaarbecht mat de lokale Secouriste konnt agedämmt ginn, dat "ënnert e puer vun de schlëmmste virstellbare Konditiounen", wéi et de Premier Carney formuléiert hat.
Aus Siicht vum Generolmajouer wäert et "op d'mannst e Mount" daueren, bis Enquêteuren d'Ursaach vum Feier bestëmme kéinten. Mat Bléck op Spekulatiounen, eng Pipeline kéint getraff gi sinn, sot en, hie géing net vun engem Lien mat der "Ueleg- a Gasinfrastruktur oder eng Awierkung vu baussen" ausgoen. Éischt Ënnersichungen hätte keng Hiweiser dorop erginn, dëst géing een awer nach emol iwwerpréiwen.
D'Militärbasis Wainwright ass eng vun de gréissten a Kanada. Reegelméisseg ginn hei Exercicen, zesumme mat Militärmembere vun anere NATO-Länner ofgehalen.
Parallel war an der Provënz Alberta e Sonndeg och de Vott iwwert e méiglechen Onofhängegkeetsreferendum. De Büro, fir seng Stëmm ofzeginn, gouf wéinst dem Feier virzäiteg zougemaach.