Virale Video iwwerpréiftEt gouf e Fall vun Déieremësshandlung, awer net an der Groussregioun

RTL-Faktencheckekipp
E Video huet am Oktober den Tour an de Soziale Medie gemaach. Heidra gesäit een e jonke Mann, deen e klengen Hond mësshandelt a mam Fouss rennt.
Symbolfoto vun engem ängschtleche Mupp virun enger Dier.
Symbolfoto vun engem ängschtleche Mupp virun enger Dier.
© Shutterstock

Ufank der Woch krute mer e Video vun enger Userin erageschéckt, op deem een erkenne kann, wéi e jonke Mann e klengen Hond esou fest mam Fouss rennt, datt dëse sech iwwerschléit. D'Déier, offensichtlech blesséiert a schockéiert, humpelt dono fort a jault vu Péng. Et gesäit ee weider am Video, wéi den Täter a seng Begleederin sech iwwer dës Situatioun lëschteg maachen.

D'Userin huet d'Redaktioun gefrot, ob RTL dës Situatioun iwwerpréiwe kéint. Am Kader vum EDMO-Projet, bei deem RTL jo Partner ass, gi mer esou Affären no an iwwerpréiwen d'Echtheet vum Contenu an de Fakten.

RTL huet sech dofir entscheet, dëse Video net an eisem Artikel ze weisen, fir dëser Aart vun Déieremësshandlung net nach eng extra Plattform ze ginn. Hei e Screenshot aus engem vun de Videoen, mat deenen nom Täter gesicht gouf.
RTL huet sech dofir entscheet, dëse Video net an eisem Artikel ze weisen, fir dëser Aart vun Déieremësshandlung net nach eng extra Plattform ze ginn. Hei e Screenshot aus engem vun de Videoen, mat deenen nom Täter gesicht gouf.
© futur_asso

Tëschefall net an der Groussregioun geschitt

Net just RTL oder aner Medienhaiser kruten dëse Tëschefall gemellt, ma och verschidde Policebüroe goufen mat dësem oder änleche Fäll confrontéiert. D'Police, déi fir d'Regioun ëm Arel hei vir an der Belsch zoustänneg ass, huet en Dënschdeg op hire Soziale Medie kloergestallt, datt een eng Affär vun Déieremësshandlung gemellt krut. Dës ass hirer Ausso no awer net an hirem Zoustännegkeetsberäich geschitt. Et hätt een et iwwerpréift an dobäi wier erauskomm, datt de gemellten Tëschefall a Frankräich, eng 800 Kilometer vun Arel ewech, geschitt ass.

Duerch eng Sich am Internet si mer effektiv op verschidden Artikelen aus der franséischer a belscher Press ( hei, hei an hei) opmierksam ginn, déi eng änlech Affär opgräifen. An engem vun de Reportagë gëtt d'Uertschaft Ribérac an der Dordogne erwäänt. An effektiv, duerch en Ofglach mat Hëllef vu Google Maps, kann een d'Plazen, déi een am Video erkennt, an dëser Uertschaft genau esou erëmfannen. Opfälleg ass nämlech den e bësse verpixelte Logo virun engem Gebai mat flaachem Daach. Dëst als Unhaltspunkt, konnte mer an dëser Uertschaft eng Autosgarage lokaliséieren, déi alleguerten d'Eegenaarten, déi een am Video gesäit, erëmgëtt.

Ob d'Police vun Arel genau dëse Video mengt, kënne mer net zu 100 Prozent verifizéieren, ma esouwuel d'Distanz, wéi och déi beschriwwen Aktioun passen op de Video, deen RTL vun enger Userin geschéckt krut. Kloer ass, datt sech d'Strofdot aus dem Video net an der Groussregioun ofgespillt huet, mä eben an der franséischer Uertschaft Riberéc, eng 860 Kilometer vun der Stad Lëtzebuerg ewech.

Associatioune sichen no Täter a konnten dësen identifizéieren

Et huet net laang gedauert, bis och Déiereschutzorganisatiounen op de Virfall opmierksam gi sinn a mat Hëllef vun de soziale Medien no den Täter gesicht hunn (hei an hei). D'Associatioun Futur-Asso huet no enger kuerzer Sich op hire soziale Medie matgedeelt, datt een den Täter identifizéiere konnt an datt een eng Plainte géint dëse gemaach huet.

Falsch Persoune beschëllegt

Futur-Asso, wéi och d'Police vun Arel, hunn awer béid och opgeruff, datt d'Leit vu Selbstjustiz missten ofgesinn. Am Internet an an de Soziale Medien hunn nämlech vill verschidden Nimm vu Jonken, déi näischt mat dëser Affär ze dinn haten, den Tour gemaach. Dës, wéi och hir Familljen, goufe beleidegt, verbal ugegraff a menacéiert.

"Une émotion peut être immédiate. Un partage aussi. Leurs conséquences, elles, peuvent durer. Alors avant de partager, prenons le temps de vérifier"
D'Police vun Arel an hirem Opruff an de soziale Medien

Béid warne virun esou falsche Schlussfollgerunge an datt een op kee Fall net verifizéiert Behaaptungen an alles, wat an de soziale Medie geschriwwe gëtt, fir boer Mënz soll huelen. D'Police warnt dann och, datt een d'Affär net selwer an d'Hand soll huelen, mä eben d'Police hir Aarbecht an deene Beräicher soll maache sollen. Et ass donieft och d'Erënnerung, datt alles, wat een online schreift, Konsequenze fir aner Leit, an dësem Fall Onschëlleger, kann hunn, déi duerno nach laang ëm hir Sécherheet musse fäerten. Dëst féiert zu zousätzlecher Aarbecht fir d'Police, déi dowéinst hiren Haaptaufgaben net méi richteg a konsequent kann nogoen.

D'Zeitung "Le Tarn Libre" huet e Fall vun enger Famill aus dem Norde vu Frankräich, also Honnerte vu Kilometer vun der Plaz vun der Dot ewech, opgegraff, déi wéinst dëser Affär fälschlecherweis beschëllegt gouf. De Jong, dee Leit gemengt haten, identifizéiert ze hunn, gouf terroriséiert a krut Doudesmenacë gemaach. D'Mamm vun der Famill huet hire Jong a Schutz geholl an opgeruff, domadder opzehalen, soss géif ee sech gezwonge gesinn, Plainte géint d'Leit ze maachen, déi si agresséieren a belästegen.

Back to Top
CIM LOGO