Iwwerschwemmungen am NepalZwou weider Persoune konnte lieweg gerett ginn, 10 Deeg no der katastrophaler Flut

Fanny Kinsch
E Freideg scho konnten zwee Aarbechter gerett ginn, wat de Rettungsekippen nees Hoffnung gemaach huet.
No der uerger Flut am Nepal ass d'Zuel un Doudesaffer weider geklommen.
Rettungsekippen hunn nees Hoffnung nach méi Iwwerliewender ze fannen
© PRAKASH MATHEMA/AFP

10 Deeg no der katastrophaler Flut am Nepal konnten um Samschdeg zwou weider Persoune lieweg gerett ginn. Eng Fra an déi 60 Joer wier aus hirem Haus gebuerge ginn, dat an der Provënz Betrawati verschott gi war, esou e Spriecher vun der Police.

Méi fréi schonn hat e Spriecher vun der Arméi der franséischer Noriichtenagence AFP confirméiert, datt e Mann mat chineesescher Nationalitéit aus engem Tunnel vun engem zerstéierte Waasserkraaftwierk gerett konnt ginn.

Virun iwwert enger Woch sinn am Nepal iwwer 1.300 Mënsche wéinst enger uerger Flut ëm d'Liewe komm. E Freideg scho konnten zwee verschotten Aarbechter lieweg gerett ginn. Och si waren an engem Tunnel vun engem Waasserkraaftwierk agespaart ginn.

Back to Top
CIM LOGO