
De leschte Mëttwoch huet d'Ofbrieche vun engem grousse Block Äis d'Iwwerschwemmung ausgeléist. Dausende Familljen hunn hir Existenze verluer an och de Gesondheetssystem ass aktuell komplett iwwerlaascht, dowéinst hu sech an de leschten Deeg och vill Hëllefsorganisatiounen op de Wee an den Nepal gemaach. Och de Lëtzebuerger Charel Becker ass zanter der leschter Woch fir eng ONG zu Kathmandu.
Schonn zanter 5 Joer schafft de Charel Becker fir déi däitsch ONG Welthungerhilfe. Zanter e Samschdeg ass hie mat enger Ekipp zu Kathmandu, fir d'Hëllefsoperatiounen ze organiséieren an och ze koordinéieren. Zesumme mat lokalen Hëllefsekippe gëtt den Ament d'Situatioun am Krisegebitt ageschat.
De Charel Becker:
"Si leeden eis déi Informatioune weider, déi si um Terrain kënne feststellen, fir dass mir hei zu Kathmandu kënnen decidéieren an organiséieren, wou eis Hëllef am Endeffekt soll hin. Fir mech heescht dat Planning, eng Strategie opsetzen, Budgete festsetzen, Partner mobiliséieren.
Zesumme mat der Regierung a mat aneren ONGe ginn d'Hëllefsgidder iwwer sougenannt Clusters, also Gruppen, organiséiert, fir datt esou vill wéi méiglech Leit kënnen erreecht ginn.
"Mat engem Package, dee sech zesummesetzt natierlech fir d'Welthungerhilfe an éischter Linn aus Iessen, Narungsmëttelen. Zweetens, an deem mer och immens vill schaffen, mir nennen dat e Wash Kit, also alles, wat Waasser, sanitär Versuergung betrëfft. Dann, mir soen dofir Shelter, also alles, wat déi temporär Ënnerbréngung mat sech bréngt", sou nach de Charel Becker.
Well et an dëse Méint an de Bierger am Nepal immens kal gëtt, mussen d'Leit an den temporären Ënnerbréngungen och géint d'Keelt geschützt ginn. D'Kriseregioun ass eng 20 Kilometer vun der Haaptstad Kathmandu ewech. Och wann d'Auswierkunge vun der Naturkatastroph net direkt an der Haaptstad ze gesi sinn, esou kritt een déi mënschlech Konsequenzen awer mat.
De Charel Becker:
"Vun deem, wat ech vun eisen nationale Mataarbechter oder vu Leit, déi ech begéint hunn, scho konnt verstoen, ass, dass natierlech d'Stëmmung gedréckt ass. Vill Leit hu bekannter Famill, déi affektéiert sinn. Et si Leit, déi aus der betraffener Regioun schonn elo op Kathmandu geflücht sinn, fir hei Schlofméiglechkeeten ze siche bei Bekannten."
Well d'Katastrophegebitt vun Tourismus a Landwirtschaft lieft, wäert nieft der akuter Hëllef an den nächste Méint och Entwécklungshëllef gebraucht ginn, esou de Charel Becker weider:
"Datt et net just drëms geet, Haiser opzebauen, mee speziell och fir een Acteur, wéi d'Welthungerhilfe, wann et drëms geet, Landwirtschaft erëm un d'Liewen ze kréien, doduerch, dass mer Some verdeelen, dass mer Geld bereet stelle fir lokal Leit, fir sech eventuell Kéi, Geessen, Hénger erëm kënnen unzeschafen, fir dass si hiren eegene Liewenserhalt erëm kënnen hunn."
D'Welthungerhilfe huet et sech zum Zil gesat, an den nächsten 3 Méint 400 Leit mat Hëllefsgidder ze versuergen.
Hëllefsorganisatiounen, wéi d'Welthungerhilfe, sinn an dësen Zäiten verstäerkt op Spenden ugewisen. Méi Informatiounen dozou, wou a wéi een un déi verschidden Organisatioune spende kann, fannt dir am Artikel drënner: