400 Millioune BarrelEU-Staate beroden iwwert d'Deblockéiere vu strateegeschen Uelegreserven

AFP, iwwersat vun RTL
Et ass eréischt déi sechst Kéier an der iwwer 50 Joer laanger Geschicht vun der IEA, dass strateegesch Reserven deblockéiert ginn.
© Pol Arle / RTL Tëlee Lëtzebuerg

D'EU-Staaten beroden e Freideg iwwert e koordinéierten Deblockéiere vun Uelegreserven iwwert déi International Energieagence (IEA), fir sou déi héich Energiepräisser erofzedrécken. Den EU-Energiekommissär Dan Jörgensen huet dem Sender Euronews en Donneschdeg gesot, dass d'EU mat alle Membere vun der IEA géif beroden, "wéini de richtegen Zäitpunkt fir eng Fräigab ass. Dat ass eng vun den Optiounen, déi mir hunn. Mir hunn dës Optioun scho benotzt a wäerten dat warscheinlech nees maachen".

D'USA wëlle jo gären, dass Europa "direkt" hir strategesch Diesel-Reserve misst fräiginn. D'Memberlänner vun der IEA hate schonn am Mäerz eng koordinéiert Fräigab vun Uelegreserve decidéiert, fir d'Klamme vun de Präisser nom Ufank vum Krich am Iran ofzefiederen. Deemools waren et 400 Millioune Barrel.

Et ass déi sechst Kéier an der iwwer 50 Joer laanger Geschicht vun der IEA, dass strateegesch Reserven deblockéiert ginn. Bis ewell ass dëst och déi gréisste Quantitéit, déi fräigi gëtt.

Back to Top
CIM LOGO