
An der Diskussioun ronderëm weltwäit deier Spritpräisser, verlaangen d'USA elo vun der EU, dass d'Diesel-Reserven hei bei eis gebraucht ginn. Baueren, Camionschauffeuren a Betriber an den USA dierften net mat der Laascht vum weltwäiten Diesel-Manktem eleng gelooss ginn, heescht et vum US-Finanzminister Scott Bessent.
Déi strategesch Reserve missten opgebraucht ginn, fir de Präis ze stabiliséieren. Sollt dat net geschéien, menacéiert Washington wéi et ausgesäit keen Diesel méi an Europa ze liwweren.
D'EU-Kommissioun huet fir e Freideg de Moie schonns eng Video-Konferenz mat alle 27 Memberstaaten aberuff.
Déi ganz Diskussioun muss een an den USA awer och virum Hannergrond vun de Midterms-Walen gesinn, déi jo am November sinn. Den Donald Trump wëll dofir onbedéngt, dass an den nächste Wochen déi amerikanesch Spritpräisser nach falen. Experten gi jo vun enger méiglecher Defaite vum momentanen US-President bei dëse Walen aus.