IndustriebrandFeier am Hafen zu Tréier - eng 50 Pompjeeën am Asaz

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg koum et am Hafe vun Tréier am Staddeel Ehrang zu engem Industriebrand.
E Samschdeg de Moien koum et zu engem Brand beim Tréierer Hafen.
E Samschdeg de Moien koum et zu engem Brand beim Tréierer Hafen.
© Agentur SIKO

Géint 11:15 Auer soll e Koup Schrott beim ëstleche Quai Feier gefaangen hunn. D'Pompjeeë sinn eegenen Informatiounen no mat enger Ekipp vu 50 Pompjeeën op der Plaz a läschen d'Flamen um Terrain vun engem Schrott-Betrib.

D'Beruffspompjeeën si mat direkt e puer Gefierer an héije Leederen am Asaz, fir d'Metall am Waasser ze killen. Eng Gefor fir d'Ëmwelt géing et net ginn. Et wier aktuellen Informatiounen no och kee blesséiert ginn. Wéi genee et zum Feier koum, soll elo d'Police ermëttelen.

Enn Juli hat et een änleche Brand am Hafen vu Mäertert ginn. Deemools waren eng 70 bis 80 Pompjeeën am Asaz, fir d'Feier an engem Koup Schrott ze läschen. Wéinst der Dampentwécklung war deemools en LU-Alert ausgeléist ginn.

Back to Top
CIM LOGO