Schrott huet am Hafen zu Mäertert gebranntWéinst Dampentwécklung gouf den LU-Alert ausgeléist, 70 bis 80 Pompjeeë waren am Asaz

Christophe Hochard
Andy Brücker
Céline Eischen
Am Hafen zu Mäertert hat an der Nuecht op e Freideg e Koup Schrott gebrannt. Séier gouf gehandelt an d'Awunner an der Géigend hunn en LU-Alert kritt.
LU-Alert gouf ausgeléist - Feier am Hafe vu Mäertert
Hei hat Schrott gebrannt an d'Awunner an der Regioun goufen opgeruff, Fënsteren an Dieren zouzeloossen

Et war um Donneschdegowend géint 23 Auer, wou der Nuetsschicht um Mäerter Hafen eng Dampentwécklung an engem Schrottkoup opgefall ass. Géint Hallefnuecht hunn d'Läschaarbechten ugefaangen.

"Eis Leit bloufe sur Place an hu gehollef d'Feier ënner Kontroll ze kréien. Et gouf och Waasser mat enger Schëpp iwwer de Koup geschott fir d'Feier séier auszekréien", esou den Direkter vu Luxport, Gilles Braquet um RTL Mikro. Op déi Manéier konnt d'Feier sech net ausbreeden. Den Direkter schwätzt vun enger Surface vun 20 Meter Carré, déi gebrannt huet. 

De Gilles Braquet, Direkter vu Luxport am RTL Interview
Um Donneschdegowend géint 11 Auer gouf d'Feier am Koup Schrott dettekteiert.

Géint Hallefnuecht sinn och d'Gemengeresponsabel vu Mäertert/Waasserbëlleg iwwer de Virfall vum 112 informéiert. Well den Damp vun Ufank un zimmlech staark Richtung Mäertert gezunn ass, huet den COS, de Commandant des Opérations de Secours  gefrot fir en LU-Alert auszeléisen. 

De Jos Schummer, 1.Schäffen vun der Gemeng Mäertert/Waasserbëlleg
en LU-Alert goung un d'Awunner vu Mäertert eraus.

"Géint 3 Auer an der Nuecht kann ee soen, dass d'Feier praktesch aus war", esou de Jos Schummer, Éischte Schäffe vun der Gemeng Mäertert/Waasserbëlleg. "Entretemps haten dunn och d'Leit vum Hafe mat hire risege Kranen do gehollef. Do war ee Kran mat enger Schëpp wou e puer Kubikmeter Waasser raginn, dee séier a gutt hëllefe konnt", esou nach de Jos Schummer. 

Vum CGDIS waren d'Ekippe vu Mäertert/Gréiwemaacher, Manternach, der Stad a Fluessweiler op der Plaz, grad esou wéi eng Spezialunitéit vum CGDIS, déi zoustänneg ass, fir geféierlech Substanzen. Och Hesper Pompjeeë ware beim Hafen aktiv. "Si hunn en TMF, en Teleskop Mast Fahrzeug. Stabil Gefierer goufen nämlech gebraucht. Fir aus héijer Héicht a wäit vum Feier ewech Waasser drop geheien". Tëscht 70 bis 80 Pompjeeë waren am Asaz. 

Interview mam Jos Schummer
Vill Waasser ass gebraucht ginn.

An de fréie Moiesstonnen huet de Mäerter Buergermeeschter Jérôme Laurent op Nofro matgedeelt, dass d'Feier an Tëschenzäit geläscht wier.


Dräi Persoune goufen dann en Donneschdeg den Owend op eise Stroosse blesséiert: Zu Leideleng huet et géint 18 Auer gerabbelt. Zwee Autoe waren aneneegerannt, zwou Persoune goufe verwonnt. De SAMU aus der Stad war op der Plaz, grad ewéi Ambulanze vu Mamer an aus der Stad, d'Pompjeeë vu Leideleng a Monnerech.

Zur selwechter Zäit krute sech zu Beetebuerg een Auto an ee Camion ze paken, hei gouf et ee Blesséierten, ëm dee sech d'Secouriste vu Beetebuerg gekëmmert hunn.

Back to Top
CIM LOGO