No Accident mat Militärfliger bei NanzegFranséische Parquet confirméiert zweeten Doudegen

Bakir Demic
En Dënschdeg war jo am franséischen Departement Meurthe-et-Moselle e Militärfliger vum Typ Mirage 2000D erofgefall. Uganks goung nach vun engem Doudege rieds.
Des militaires français participent à une opération de secours visant à localiser un avion de chasse Mirage 2000D qui s’est écrasé lors d’un vol d’entraînement, à Tremblecourt, dans le nord-est de la France, le 21 octobre 2026.
Franséisch Arméimembere bei enger Sichaktioun nom zweeten Equipage-Member vun der verongléckter Mirage 2000D.
© AFP

Wéi BFMTV en Donneschdeg mellt, hätt ee vum Parquet vu Metz confirméiert kritt, datt bei dësem Accident eng zweet Persoun ëm d'Liewe koum. "Duerch d'Elementer, déi an der Zon vum Accident entdeckt goufen, kënnen zwee Decèse confirméiert ginn", gëtt de Parquet zitéiert. Elo missten nach DNA-Analysen duerchgefouert ginn, fir dësen zweeten Doudegen z'identifizéieren.

De Fliger war en Dënschdeg den Owend wärend engem Trainingsfluch bei Rogéville an der Géigend vun Nanzeg erofgefall. Am Fliger souzen zwou Persounen, dorënner en erfuerenen Offizéier an e jonke Pilot an der Ausbildung.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO