Departement Meurthe-et-MoselleOp d'mannst een Doudegen nodeems e Militärfliger bei Nanzeg erofgefall ass

RTL mat AFP
De Fliger ass bei Rogéville an der Géigend vun Nanzeg erofgefall, Zeien haten en Dënschdegowend eng Explosioun héieren.
Op d'mannst een Doudegen nodeems e Militärfliger bei Nanzeg erofgefall ass
De Fliger ass bei Rogéville an der Géigend vun Nanzeg erofgefall, Zeien haten en Dënschdegowend eng Explosioun héieren.

En Dënschdegowend ass e Militärfliger vum Typ "Migrage 2000-D" an der Géigend vun Nanzeg erofgefall. Dat melle franséisch Medien, dorënner Le Monde a BFMTV. Wéi d'Noriichtenagence AFP schreift, wier et am Kader vun engem Trainingsfluch zu engem Accident komm.

De Fliger wier bei Rogéville an der Géigend vun Nanzeg erofgefall. Wéi et vum Noriichteportal "d'ici Lorraine" heescht, hätten Zeie géint 22:30 Auer en Dënschdegowend eng Explosioun héieren an eng Feierbull um Himmel gesinn.

Ee Member vum Equipage wier beim Tëschefall ëm d'Liewe komm. D'Sich nom zweete Member leeft e Mëttwochmoien nach. Wéi de Spriecher vun der franséischer Loftwaff, de Colonel David Papalardo géigeniwwer franceinfo sot, hätt vun den zwee Leit u Bord vum Fliger et net gepackt, de Schleidersëtz ze aktivéieren. Bei engem Member vum Equipage hätt et sech ëm e jonke Pilot an der Formatioun gehandelt, deen anere wier en erfuerenen Offizéier gewiescht. Wie vun deenen zwee gestuerwen ass, ass aktuell net gewosst.

Frankräich benotzt de Mirage 2000-D zanter 1993. Zanterdeem ass et zu enger Partie Accidenter komm. 2019 si Membere vum Equipage gestuerwen, wéi e Jet wärend engem Déiffluch iwwert dem Oste vum Land erofgefall ass.

Back to Top
CIM LOGO