
Déi Proffe sollen an den 114 Lycéeën an den Asaz kommen, wou de Manktem un Enseignanten am akuutsten ass. Si solle bis spéitstens en Dënschdeg ufänke mat schaffen. De Premier huet och méi Sue versprach.
Mat dësen Annoncë geet d'Regierung eng éischte Kéier konkret op d'Fuerderunge vun de Schüler an, déi zanter knapp zwou Woche protestéieren. An der Tëschenzäit hu sech och Studenten ugeschloss. An och an der Belsch gëtt manifestéiert.