Verdacht op SpionageFréiere BND-President Hanning an Untersuchungshaft

AFP, iwwersat vun RTL
Am presuméiert spektakuläerste Spionagefall an de leschte Jore koum e Mëttwoch de fréiere President vum Bundesnarichtendienst (BND), den August Hanning, an Untersuchungshaft.

Den 80 Joer ale fréiere Chefspioun a Spëtzebeamte gouf dem Ermëttlungsriichter vum Bundesgeriichtshaff zu Karlsruhe virgefouert, deen e Mandat d'Arrêt ausgestallt huet. Den Hanning gëtt verdächtegt, vu sengem fréiere Büroschef geheim BND-Informatioune kaf an deels weiderginn ze hunn.

Säin Affekot Leon Kruse verdeedegt hie géint d'Reprochen. "Mäi Client gëtt zu Onrecht verfollegt", huet hien e Mëttwoch erkläert. Zwar wier den Hanning am Besëtz vu vertraulechen Dokumenter gewiescht. "Falsch ass awer de Reproche, hien hätt Informatiounen dovun zum Nodeel vun der Bundesrepublik Däitschland, a scho guer net géint Bezuelung, weiderginn."

De Parquet verdächtegt den Hanning konkreet, mam geheime Material, dat hie kaf hätt, eng Analys fir e Mataarbechter vun engem frieme Geheimdéngscht gemaach ze hunn. Dobäi ass et awer onkloer, ob dës ukoum. Oppen ass och nach, wéi ee Geheimdéngscht et soll sinn.

De "Spiegel" huet en Dënschdeg den Owend gemellt, datt et de Verdacht géing ginn, datt den Hanning mat engem Agent aus dem Aserbaidjan a Kontakt stoung. D'Kaukasusrepublik wiert sech e Mëttwoch awer dogéint, mam Fall a Verbindung bruecht ze ginn. De Protest wier iwwer geheimdéngschtlech an diplomatesch Kanäl un d'Bundeskanzleramt an den däitschen Ausseministère iwwermëttelt ginn, mellt déi aserbaidjanesch Noriichtenagence APA.

Dem Parquet no soll den Hanning d'Informatiounen och dozou genotzt hunn, fir engem Mataarbechter vun engem anere staatleche Geheimdéngscht politesch Informatiounen zoukommen ze loossen. Mat deem soll hie sech jorelaang intensiv ausgetosch hunn.

Déi presuméiert Spionage ass bei enger Razzia zejoert beim Hanning opgeflunn. Dobäi goung et eigentlech ëm ganz aner Reprochen am Zesummenhang mat der presuméierter Entféierung vun de Kanner vun der Christina Block. Wat bei der Perquisitioun fonnt gouf, huet de Parquet op de Plang geruff.

Den Hanning a säi fréiere Büroschef Manfred D. goufen doropshin en Dënschdeg an Nordrhein-Westfalen a Bayern festgeholl. Den D. war schonn e puer Stonne méi spéit virun den Ermëttlungsriichter zu Karlsruhe komm a koum direkt an Untersuchungshaft. Hie soll dem Hanning eng 2.000 Dokumenter weiderginn hunn.

De Fall huet zu Berlin fir Opreegung gesuergt. De Grénge-Politiker huet e Mëttwoch Konsequenze gefuerdert. "D'Bundesregierung sollt Aarbechtsplaze vun héije Geheimdéngschtmataarbechter préiwen an hinnen nom Enn vun hiren Ämter Lobby-Aarbechten am Sécherheetsberäich verbidden."

Fir déi däitsch Regierung huet hire Vizespriecher Sebastian Hille verséchert, datt d'Regierung "dëse Fall genee sou wéi de Bundesnoriichtendéngscht immens seriö hëlt an d'Ermëttlungsautoritéite selbstverständlech ëmfaassend an onlimitéiert bei der Opklärung ënnerstëtzt".

Den Hanning hat wärend senger joerzéngtelaanger Karriär e puer wichteg Posten. Ënnert anerem huet hien och am Bundeskanzleramt an am däitschen Inneministère geschafft. Bis 2005 huet hien den Auslandsgeheimdéngscht BND geleet.

De Parquet verdächtegt den Hanning ënnert anerem wéinst Spionage an dem versichte Landesverrot. Géint säi presuméierte Kompliz D. gëtt wéinst dem Verdacht vun der Bäihëllef fir versichte Landesverrot ermëttelt.

Back to Top
CIM LOGO