No presuméierter EntféierungBlock-Kanner sinn nees beim Papp an Dänemark

RTL Lëtzebuerg
Zanter Jore streiden d'"Block House"-Ierwin Christina Block an hiren Ex-Mann Stephan Hensel ëm den Openthaltsuert vun zwee vun hire Kanner.
D'Christina Block (lénks) mat hirem aktuelle Partner Gerhard Delling (riets).
D’Christina Block (lénks) mat hirem aktuelle Partner Gerhard Delling (riets).
© AFP (Archiv)

Déi presuméiert entféiert Kanner vun der “Block House"-Ierwin Christina Block an hirem Ex-Mann Stephan Hensel sinn nees an Dänemark bei hirem Papp. Dat huet d’Famill vum Christina Block der “Bild"-Zeitung e Freideg den Owend confirméiert. Deemno wier den Affekot vum Papp e Freiden am spéiden Nomëtteg bei der Block-Villa zu Hamburg mat enger Deliberatioun vum Oberlandesgericht Hamburg passéiert an hätt de Jong an d’Meedche matgeholl. De Spriecher vum Oberlandesgericht Hamburg, Kai Wanzten, sot “Bild” géintiwwer, datt d’Geriicht e Freideg decidéiert hätt, datt d’Mamm d’Kanner misst erausginn. D’Kanner wieren dem Papp iwwerreecht ginn.

Kuerz no der presuméierter Entféierung an der Silvesternuecht hat een dänescht Geriicht decidéiert, datt dem Papp vun de Kanner d’Suergerecht komplett ze iwwerdroen ass. Doropshin hunn och nees däitsch Geriichter eng Roll an der Affär gespillt. An déi hunn elo och fir de Papp entscheet.

E Freideg war nach bekannt ginn, datt den 10 Joer ale Bouf wärend der presuméierter Entféierung aus dem Auto eraus nach een Alarm ausgeléist hat. Dëse war direkt un d’Police gaangen, ma déi war ze lues a konnt d’Gefier mat de Kanner dran net virun der däitscher Grenz stoppen.

Zanter Joren ass d’Koppel sech net doriwwer eens, bei wiem zwee vun hire véier Kanner wunne sollen. No engem Besuch am Summer 2021 hat de Stephan Hensel den Theodor an d’Klara bei sech an Dänemark gehalen. Hie seet déi zwee wéilten net méi zeréck bei d’Mamm, déi behaapt, dass d’Kanner hir ewechgeholl goufen.

Dat 17 Joer aalt Johanna soll fräiwëlleg bei sengem Papp wunnen. Zu Hamburg bei der Mamm wunnt aktuell hir Duechter Greta, dat 15 Joer huet.

Back to Top
CIM LOGO