Am IranFriddensnobelpräislaureatin Mohammadi "brutal" festgeholl

AFP
Déi iranesch Friddensnobelpräislaureatin Narges Mohammadi ass Supporter no am Iran mat Gewalt festgeholl ginn. Dat zesumme mat weideren Aktiviste bei enger Trauerzeremonie fir en Affekot, deen d'lescht Woch dout fonnt gouf.
Die iranische Friedensnobelpreisträgerin Narges Mohammadi ist nach Angaben von Unterstützern im Iran gewaltsam festgenommen worden. Mohammadis in Oslo lebender Bruder äußerte sich angesichts des angeschlagenen Gesundheitszustandes seiner Schwester besorgt.
© NTB/AFP

D’Mohammadi an d’Aktiviste wiere vu Sécherheetspersonal a Polizisten ofgefouert ginn, heescht et e Freideg vun hirer Stëftung op X. De Brudder vun der Mohammadi huet sech besuergt gewisen, den Nobelkommitee huet déi “brutal” Festnam verurteelt.

Der Mohammadi hire Mann, deen zu Paräis lieft, den Taghi Rahmani, huet erkläert, datt seng Fra zesumme mat der bekannter Aktivistin Sepideh Gholian an der ostiranescher Stad Maschchad festgeholl gouf. Déi franséisch Affekotin Chirine Ardakani, déi d’Mohammadi vertrëtt, huet AFP géigeniwwer confirméiert, datt hir Cliente festgeholl gi wier. D’Mënscherechtsorganisatioun Hengaw huet erkläert, datt d’Aktiviste “gewaltsam festgeholl” gi wieren an “op eng onbekannt Plaz” bruecht gi wieren. Den Nobelkommitee an Norwegen huet déi direkt Fräiloossung vun der Mohammadi gefuerdert.

Am Dezember 2024 war d’Mohammadi aus gesondheetleche Grënn aus hirer Haft am ëmstriddenen Evin-Prisong bei Teheran fräigelooss ginn. Dëst wier awer nëmmen temporär, gouf deemools betount. Donieft duerft déi 53 Joer al Aktivistin eegenen Aussoen no den Iran net méi verloossen.

Engem vun hire Bridder no gouf d’Mohammadi bei hirer Festnam “op d’Been geschloen an un den Hoer gepaakt”. Seng Schwëster wier zwar schonn e puer Mol verhaft ginn, sot den Hamid Mohammadi, deen zu Oslo lieft, der AFP géigeniwwer. Am meeschte beonrouege géingen hien awer méiglech gesondheetlech Komplikatiounen duerch fréier Operatiounen an Häerz- a Longeproblemer.

D’Mënschrechtsorganisaitoun Human Rights Activists News Agency (HRANA) mat Sëtz an den USA huet Opname vun der Mohammadi publizéiert, op deene si ouni Kappduch, dat am Iran Flicht ass, ze gesinn, wéi si zesumme mat weidere Supporter vum Affekot Chosrow Alikordi, deen de 5. Dezember dout fonnt gouf, op der Trauerfeier war. D’Zeremonie gouf - der islamescher Traditioun no - siwen Deeg nom Doud vum Alikordi organiséiert.

HRANA no hunn d’Aktiviste Slogane wéi “Laang lief den Iran”, “Mir kämpfen, mir stierwen, mir huele keng Entwierdegung hin” an “Doud dem Diktator” geruff hunn. Op Opname vu persesche Sender baussent dem Iran war d’Mohammadi ze gesinn, wéi si mat engem Mikro op en Auto klëmmt an d’Mënschen opfuerdert, Sloganen ze ruffen.

Den Affekot Chosrow Alikordi war d’lescht Woch dout a sengem Büro fonnt ginn. De 45 Joer alen Alikordi hat ënnert anerem Leit verdeedegt, déi am Kader vun de landeswäite Protester 2022 festgeholl gi waren. Mënscherechtsorganisatiounen haten no der Entdeckung vu senger Läich Ermëttlungen zu der Doudesursaach gefuerdert. D’Organisatioun Iran Human Rights mat Sëtz an Norwegen huet erkläert, et géing “den eeschte Verdacht op e staatleche Mord” ginn.

Déi iranesch Noriichtenagence Mehr mellt iwwerdeem mat Recours op de Gouverneur vu Maschchad, den Hassan Hosseini, d’Festnam vun e puer “politeschen Aktivisten”. Si wiere festgeholl ginn, “well si géint d’Reegele verstoussend Parolen” geruff hätten. Den Numm vun der Narges Mohammadi ass awer net gefall.


Weider Artikelen zum Theema:

Back to Top
CIM LOGO